Méinden: Wandspëtzte bis 100 km/h duerch Stuermdéif BENNET

Wéi an de vergaangenen Deeg ugekënnegt, erwaart eis um Méinden e Stuerm. Dramatesches ass net ze erwaarden, allerdéngs ass et wichteg, driwwer ze informéieren.

Oflaaf

Um Méinde gëtt et schon zimmlech fréi richteg ongemittlech. Ab de fréie Moiesstonnen, sou géint 06 Auer, gëtt et scho sëcher ëmmer méi stiermesch. De Wand ka scho Vitesse vu 70 bis 90 km/h ereechen. Well an dësem Moment eng Kaalfront iwwert eis ewechzitt, kann et sinn, dass de Wand aus méi héiche Loftschichten eroofgemëscht gëtt. A souengem Fall wiere Spëtzte vu bis zu 100 km/h och net auszeschléissen. Wann dës Front passéiert ass, bleift et ëmmer nach stiermesch a naass zu Lëtzebuerg. Um Mëtte souwéi am Nomëtten ass emmer nach mat Stuermstéiss vu 70 bis 90 km/h ze rechnen, am Fall vun enger staarker Schauer oder souguer engem Donnerwieder driwwer. Bis an de spéidere Nomëtten resp. fréien Owend eran ginn et keng gréisser Ännerungen. Ab dem spéideren Owend sollt dann awer lues a lues eng Berouegung antrieden.

Bei dëse Wandgeschwindëgkeete kënne Beem ëmfaalen an Äscht ofbriechen. Als Automobilist sollt een dohier nach besser wéi soss oppassen. Och d’Spadséieren a Bëscher sollt een beschtméiglechst vermeiden.

Wandspëtzten um Méinden. Modell: ICON – wxcharts.com

Kleng Wahrscheinlechkeet vu Flacken

Op der Récksäit vum Stuermdéif ginn däitlech méi kill Loftmassen an eis Géigende gelenkt. An der Nuecht op den Dënschde kënnen d’Temperaturen zumols am Norden op 3 bis 1 Grad faalen, wouduerch de Reen a Schnéireen oder och an eenzel Flacken iwwergoe kann. Et ass net mat enger Schnéicouche ze rechnen – falls awer eng zesummekomme sollt, da wärt dat héchstens en dënne Flom sinn.

Video vum 02. Mäerz 2019