D’Experte mat net esou flotten Aussiichten
Genee wéi Däitschland, hat och Frankräich dëse Summer mat Hëtztwellen, enger grousser Dréchent, Bëschbränn an deels richteg zolitten Donnerwieder ze kämpfen. Duerch de Klimawandel kéinten esou extrem Summeren, wéi mir en dëst Joer haten, nom Joer 2050 der Normalitéit ugehéieren, am Fall wou mir d’CO₂-Emissiounen net an de Grëff kréien – esou Météo France. De Klimawandel ass ouni Zweiwel amgaangen.
Summer 2022 kënnt op déi zweet Plaz
A Frankräich war de Summer 2022 den zweetwäermste Summer zanter op mannst 1900. Verglach mat der Referenzperiod vu 1991-2020, war de Summer 2,3 Grad ze waarm. Dat heescht och, dass de Summer 2003 de wäermste Summer vun allen Zäite bleift, dat mat enger Anomalie vu +2,7 Grad.
Dräi Hëtztwelle waren dëse Summer um Wierk. Déi éischt huet sech vum 15. bis de 19. Juni gezunn, déi zweet vum 12. bis de 25. Juli an déi drëtt vum 31. Juli bis den 13. August. Zesummegerechent kënnt een op am ganzen 33 Hëtztwellen-Deeg – 2003 waren et just 22. Well et 2003 awer generell duerchschnëttlech (!) méi waarm war, sinn déi 22 Deeg däitlech méi markant ausgefall wéi déi 33 Deeg vun dësem Summer.
Eng Rëtsch nei Allzäit-Hëtztrekorder
- De 16. Juni 2022 ass esou fréi wéi nach ni virdrun an engem Summer eng Temperatur vu 40 Grad erreecht ginn – gemooss zu Saint-Jean-de-Minervois.
- An der Finistère du Nord, ganz am Weste vu Frankräich, sinn fir déi éischt Kéier iwwerhaapt 40 Grad erreecht ginn.
- Och op der klenger Insel Quessant si méi wéi 30 Grad erreecht ginn.
- Zu Nîmes sinn am Juni, Juli an och August 40 Grad erreecht ginn, wat och nach ni virdrun de Fall war.
- Duerch e staark erhëtzt Mëttelmier sinn zanter dem 30. Juni zu Nice 56 tropesch Nuechten hannerteneen gezielt ginn. Ënnert enger Tropenuecht versteet een de Fall, wou d’Temperatur an der Period vun 18UTC bis moies 6UTC net ënner 20 Grad fält.
Historesch Dréchent
De ganze Kontinent ass dëse Summer vun enger markanter Dréchent betraff gewiescht, an dat wäert iwwert déi nächst Wochen a Méint warscheinlech nach esou bleiwen. Kee Wonner also, dass et och a Frankräich am ganze Land zu engem zolitte Reendefizit komm ass. Iwwert déi dräi Méint gezunn huet et ëm ganz 25% manner gereent wéi normal – eng Situatioun, vun där een geduecht hätt, dass se am Duerchschnëtt nëmmen ee Mol a 25 Joer virkënnt. D’Dréchent huet sech am August esou wäit ausgebreet, dass bei wäitem méi Landesdeeler betraff waren/sinn wéi an de Joren 1976 an 2003.
Déi momentan Dréchent baséiert op schonn immens dréchene Konditiounen aus de Méint virdrun: vum Januar bis de Juli war schonn e nationale Reendefizit vun 33% ze verzeechnen. MétéoFrance betount, dass dës Kéier all Regioun betraff ass/war, wat een vun den anere Jore net behaapte kann. 1976 war et haaptsächlech d’Nordhallschent vum Land, 2003 war et Südosthallschent.
D’Mëttelmier ass vill ze waarm
Iwwert dem Baltikum an och dem Tyrrhenesche Mier ass Enn Juli si reegelméisseg Temperature vun tëscht 27 an 30 Grad un der Iwwerfläch gemooss ginn – wat heescht, dass d’Wasseriwwerfläch 4 bis 6 Grad ze waarm ass/war. De 24. Juli huet eng Boje bei Korsika e Peak vun 30,7 Grad gemooss, méi spéit de 6. August nach eng Kéier 30,5 Grad. Dëst gëtt och nach als eng Mieres-Hëtztwell bezeechent, déi duerch de Klimawandel an Zukunft méi intensiv kënne ginn, méi ausgebreet a méi laang dauere kënnen.
Wat och nach dobäi kënnt ass, dass dës Temperaturen dozou bäidroen, dass sech elo am Spéitsummer resp. am meteorologeschen Hierscht ëmmer erëm zolitt Stuerm-Systemer forméiere kënnen. Dëst spillt och der Entwécklung vun engem sougenannte “Medicane” an d’Kaarten – e Stuerm, deen e puer Änlechkeete mat engem Hurrikan opweist.
Source: Météo France