
De Mee ass e Mount, an deem et schonn summerlech ka ginn – nach kritt e sech awer net esou wierklech bei eis duerchgesat. Wéi eis Chancen stinn, probéiere mir an dësem Artikel erauszefannen.
Advertisement
En Zesummespill aus Mëttelfrist a Laangfrist
A vergaangenen Artikelen, an deene mir eis e Mount méi genee ugekuckt hunn, hu mir eis bis ewell meeschtens op Laangzäitmodeller bezunn. Dës Kéier zéie mir awer och déi “gängeg” Modeller mat eran, déi bis an d’Mëttelfrist era gesinn. Gëtt et tendenziell ze naass? Ze waarm? Dat probéiere mir erauszefannen.

Dem europäesche Laangzäitmodell no soll de Rescht vum Mee 2024 den Duerchschnëtt vun 13,5°C ëm 1°C iwwertreffen, iwwerdeems eis Nidderschlagsquantitéiten méi oder manner neutral sollen ausfalen. Kucke mir eis de Mee awer op wéchentlecher Basis un, soll déi aktuell amgaange Woch schonn bal 1°C ze mëll ginn. D’Woch vum 13. Mee soll eng Anomalie vu +3°C opweisen, iwwerdeems et an de leschte Wochen dann erëm méi a Richtung Normal geet. De Reen géif sech groussflächeg gesinn an där ganzer Period och net besonnesch opfälleg verhalen, also a Punkto Anomalien.
Wat soen d’Mëttelfristmodeller?
Den europäesche Mëttelfristmodell ECMWF rechent mol nach bis de 14. Mee generell mat iwwerduerchschnëttlechen Temperaturen, dat mat deels 4 bis 8°C iwwert der Moyenne. Dës hunn awer net grad dat selwecht Gewiicht wéi wéchentlech oder méintlech Anomalien, droen awer natierlech duerno trotzdeem zur Gesamtmoyenne bäi. An och wann dat iwwerduerchschnëttlech Wäerter sinn, heescht dat net, dass eis bis dohin purt Summerwieder erwaart: Kuerzzäiteg ginn an där Period wuel bis ëm 25°C erreecht, mee vun Héichsummer mat 30°C a méi, wat net wäit ewech vum Rekord wier, si mir awer wäit fort.
Vum Wiedergeschéie selwer hier gëtt et vun der nächster Woch un och erëm méi variabel, wat eis méi Reen bréngt. Dës Phas gëtt aktuell nach bis den 18. Mee berechent, ier et dann awer duerch e klengt Héich erëm ka méi stabil ginn.

Méi wäit wéi dat kann den europäesche Mëttelfristmodell net rechnen. Den amerikanesche Modell geet bis de 24. Mee a gesäit bis dohin immens villt “Loftmassegerangel” ouni awer, dass sech eng vun de Stréimunge wierklech fest duerchgesat kritt.
Wat heescht dat elo?
Mir hunn elo vill geschwat, mee wat huet dat ze bedeiten? Dem aktuelle Stand no soll et mol nach bis an déi fréi zweet Hallschent vum Mount mat liicht iwwerduerchschnëttlechen Temperature virugoen, wouvun ee sech awer elo keng 30°C soll erwaarden – mee vill méi Héchstwäerter am Beräich vun 18 bis 26°C. An der zweeter Hallschent géif de variable Charakter bäigehale ginn an och vun den Temperaturen hier géifen ëmmer erëm nei Versich aus Südwest gestart ginn, fir de Summer op Lëtzebuerg ze kréien. Dës Versich ginn awer viraussiichtlech ëmmer erëm vu méi killen Entwécklungen ënnerbrach, eben duerch dat chaotescht Stréimungsmuster. Vum Reen hier sollte keng gréisser Opfällegkeeten dobäi sinn, ausser eben am Fall vun engem Donnerwieder – do kann et lokal zu gréisseren Ënnerscheeder kommen.
Eng immens grouss Ännerung zu lo sollt also keng dobäi sinn, et geet wuel mat zimmlechem Hin an Hier virun – mat Optioun zu engem esouguer fläit ganz liicht ënnerduerchschnëttleche Schluss vum Mount a Saachen Temperaturen.