Mëttelfrist-Update: Eng turbulent Woch mat Stuerm- a Schnéipotenzial

Déi frësch Kaarten zur spannender Wiederlag sinn do! All ze vill huet sech net geännert, et gëtt esoulues also méi konkret. Stiermesche Wand bis hin zu Stuerm an op d’mannst lokale Schnéifall gi méi warscheinlech.

Advertisement

Trend zur turbulenter Wiederlag confirméiert sech

Zanter genee enger Woch kucke mir eis déi spannend Wiederlag, déi eis d’nächst Woch erwaart, schonn un. Zwar kënne mir d’Froen, déi bis an de klengsten Détail ginn, ëmmer nach net beäntferten, an awer geet den Trend an Tëschenzäit an eng kloer Richtung: Et gëtt méi wanterlech, iwwerdeems zur selwechter Zäit och de Risk vu stiermesche Wandstéiss oder esouguer engem “richtege” Stuermdéif besteet.

Berechnunge vum europäesche Wiedermodell ECMWF

Dëse Modell bleift weiderhi manner offensiv wéi den amerikanesche GFS. An de Berechnunge vun haut (2 mol den Dag aktualiséiert) huet sech den Zäitpunkt, un dem de wanterleche Charakter soll antreffen, méi wäit no hanne verréckelt. An de leschten Deeg goufen deelweis schonn fir d’Nuecht op e Méinden geréng wanterlech Nidderschléi op de Koppe berechent, déi an Tëschenzäit awer net méi an de Kaarte virzefanne sinn.


Den aktuell simuléierten Oflaf vun de Nidderschléi an Zorten dovun vum Dënschde bis e Freiden laut ECMWF | Animatioun: wxcharts.com

De Startschoss fir déi éischt Schnéischauere soll elo e Stuermdéif ginn, wat och schonn zanter e puer Deeg an de Simulatiounen ze fannen ass. Et soll tëscht dem Méindemëtten an der Nuecht op en Dënschden mat sengem Kär vun de britteschen Inselen aus eriwwer an Dänemark oder Norddäitschland zéien, iwwerdeems et südlech dovun eng markant Kalfront mat sech dréit. Am Beräich, wou d’Kalfront wärend dem Dënschdemoie- bis Nomëtten duerchzitt, soll et nach ze waarm si fir Schnéi. Eréischt vum spéideren Owend oder och der Nuecht op e Mëttwoch rechent de Modell domat, dass op der Récksäit vum Déif an och der Kalfront selwer polar Loftmassen an eis Géigende kommen. Duerch dës kënnen dann déi eenzel Schaueren, déi dann nach méiglech sinn, op den héchste Koppe vum Land als Schnéi falen. De Modell rechent domat, dass eis Loftmasse bis e Sonnden (24.11) inclus wanterlech kal bleiwen. E Mëttwoch géife sech d’Nidderschléi generell a Grenzen halen, ier et tëscht dem Donneschden an dem Sonnden zu e puer schwaachen a vereenzelte Schnéischauere soll kommen.

Wat de Wand ugeet, steet virun allem den Dënschden am Fokus vu potenziell stiermeschen Entwécklungen. D’Spëtzte géife sech awer mat héchstens 60 bis 80 km/h a Grenzen halen. An den Deeg drop géif et lëfteg bleiwen, e Stuerm soll awer net ustoen.

Amerikanesche Wiedermodell bleift wanterlechsten a stiermeschsten

Den amerikanesche Modell ass ganz am Wantermodus ukomm an hält sech och net wierklech zréck. Fir d’Wanterfrënn dobaussen ass et déi optimisteschst Berechnung déi ee ka fannen – mee well mir jo elo d’Meenung vum europäesche Modell wëssen, sollt een dës Berechnungen hei also nach net fir bor Mënz huelen. Fir d’Nuecht op e Méinde rechent dëse Modell ëmmer nach eng kleng Warscheinlechkeet vu Nidderschléi, déi entweder am äusserste Norde vum Land oder och an der däitscher Äifel entweder als Schnéireen oder Schnéi sollen erofkommen.


Den aktuell simuléierten Oflaf vun de Nidderschléi an Zorten dovun vum Dënschde bis e Freiden laut GFS | Animatioun: wxcharts.com

Den Ënnerscheed soll dann, wéi och beim anere Modell, e klengt Randdéif (Stuermdéif) maachen, wat op senger Récksäit déi kill bis hin zu polar Loftmassen op Lëtzebuerg bréngt. Vum Dënschdemëtten u wier mat Schnéifall ze rechnen, haaptsächlech awer just am äusserste Norden a Weste vum Land. Iwwert de Mëttwoch verdeelt soll et ëmmer erëm am ganze Land zu Schnéischauere kommen, déi deels och méi intensiv kéinten ausfalen. Fir en Donneschden, 21. November gëtt e weidert Randdéif berechent, wat mat sengem Kär knapp südlech soll un eis laanschtgoen. U senger nërdlecher Säit si staark Nidderschléi, déi duerch déi niddereg Temperaturen an eise Géigende géifen als Schnéi erofkommen. Wat de Modell mam europäesche gemeinsam huet ass, dass déi wanterlech Phas schonn de 25. November kéint op en Enn goen.

Wandméisseg gëtt fir d’Nuecht op en Dënschden e Stuermfeld mat Vitesse vun tëscht 75 a 90 km/h berechent. Och de Rescht vun der Woch soll et lëfteg bleiwen, mee e weidert Stuermdéif gëtt mëttlerweil net méi berechent.

De Fazit

De Verglach tëscht den zwee Modeller weist, dass den amerikanesche Modell ëmmer nach de wanterlechsten a stiermeschsten vun den zwee ass, iwwerdeems den europäesche Modell eng méi zréckhalend Astellung huet an alles nëmmen hallef esou wëll gesäit. Mir mierken also: Déi zwee Modeller rechnen déi selwecht Grousswiederlag, mee d’Détailer innerhalb vun dëser ganzer Situatioun ginn ënnerschiddlech beuerteelt. Dës Differenze mussen an den Deeg weider am Aen gehale ginn, ier een sech eeschthaft un eng Prognos vun de méigleche Schnéihéichte ka woen.