Mëttelfrist: Variabel Westwiederlag mat kalen a lëftegen Optiounen

Am Ausbléck vu gëschter hate mir jo schonn kuerz ugedeit, dass eis geschwënn géif e Changement ustoen. Wéi dëse verlafe kéint, kucke mir eis elo mol méi genee un.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Dës Woch gi mir mol nach vun der Sonn verwinnt, just heiansdo ass mol e Schéinheetsfeeler dran. E Sonnde soll et zu engem éischte Virgeschmaach vun dem kommen, wat eis an der nächster Woch soll ustoen. Den amerikaneschen esouwéi och den europäesche Modell rechnen domat, dass sech en Déifdrockgebitt, wat vun de britteschen Inselen aus kënnt, eraus a Richtung Skandinavien an deels och op d’Ostséi hin verlagert. Dëst Déif géif eis, viraussiichtlech ronderëmt Mëtt der Woch, eng Kalfront op Lëtzebuerg bréngen, déi duerch Reen a Wand och mol méi markant kéint ausfalen. Och eis Temperaturen géifen dovu staark beaflosst ginn.

Déi amerikanesch Léisung

Déi zwee Modeller gesinn d’Grousswiederlag zwar zimmlech änlech, an awer ginn et am Détail e puer Ënnerscheeder. Dem amerikanesche Modell no passéiert eis e Mëttwochowend/Donneschdemoien eng markant Kalfront, déi mat deels méi kräftegem Reen an engem stramme bis deels och stiermesche Wand géif a Verbindung stoen. De Wand an de Reen géife mir och nach bis an den Donneschde mat eranhuelen (deemno wéi och e Freidemoien), woubäi de Reen awer mëttlerweil méi a Form vun eenzelne Schaueren erofkéim.


Déi viraussiichtlech Loftmassentemperatur fir an eppes méi wéi enger Woch | Grafik: wxcharts.com

Hannert der Front ereegent sech en Temperaturréckgang. Aus momentaner Siicht gesinn géife sech d’Dageshéchstwäerter vum Donneschden/Freiden un just nach bei tëscht 10 a 14 Grad ophalen. Zumools fir de Weekend selwer gi Nuetstemperature vun ëm 3 Grad berechent.

Déi europäesch Léisung

Den europäesche Modell rechent genee dat selwecht Déif, mee et soll eis an engem méi “flaache Wénkel” beaflossen, wouduerch déi méi kill Loftmasse net esou markant géifen op Lëtzebuerg iwwergräife wéi laut der amerikanescher Léisung. De Passage vun der Front soll e Mëttwoch stattfannen, ier an der Nuecht op en Donneschden eng zweet Front kéint duerchzéien. Dëst wier dann un e Randdéif gekoppelt, wat sech mam Haaptdéif a Richtung Skandinavien & Ostséi beweegt.


Déi viraussiichtlech Loftmassentemperatur fir an eppes méi wéi enger Woch | Grafik: wxcharts.com

Och dësem Modell no stinn tëscht dem Mëttwoch an dem Freiden lëfteg bis deels stiermesch Zenarien um Programm, de Reen wier deels kräfteg. Wat d’Temperaturen ugeet wieren dagsiwwer awer ëmmer nach bis zu 15 oder 16 Grad dran, an de Nuechten wieren d’Minimalwäerter bei ëm déi 6 oder 7 Grad ënnerwee.

De Fazit

Iwwerdeems d’Eenzelheeten nach net kloer sinn, besteet awer eng kloer Iddi iwwert dat grobt Gesamtbild. Den amerikanesche Modell ass mat der méi kaler Variant dobäi, iwwerdeems d’Léisung vum europäesche Modell méi mëll ass. Generell soll et awer méi naass a virun allem méi lëfteg (fläit och kuerz stiermesch) ginn, sollte sech dës Berechnungen an den zwee Wiedermodeller nach e puer Deeg laang behaapten.

Well et awer nach esou laang bis dohin ass, ass dëse mëttelfristegen Artikel net als Prognos mee Estimatioun esouwéi Interpretatioun vun den aktuelle Modellkaarten ze gesinn.