De Moment deet sech vill an der Welt vun de Wiederkaarten, dohier e weideren Update a Saache Mëttelfrist.
Advertisement
Zeechen op summerlecht Wieder, mee net ouni Stéierungen
An eisem vergaangenen Artikel zur Mëttel- a Laangfrist vum 8. Mee ware mir op de Fazit komm, dass et wuel bis iwwert d’Hallschent vum Mount eraus zu engem variablen a “chaotesche” Stréimungsmuster kënnt. Et gouf geschriwwen, dass de Reen keng gréisser Opfällegkeete mat sech bréngt, ausser am Fall vun engem Donnerwieder oder soss lokaliséierte Schliet. Op déi momentan Zäit trëfft dës Aussiicht ëmmer nach zou – a well an Tëschenzäit e bëssen Zäit vergaangen ass, kënne mir de Bléck a Richtung Enn Mee woen.
Weiderhi Summer-Versich, mee onbestänneg
Viru nach net all ze laanger Zäit hunn eis d’Modell-Leef vum amerikanesche Modell ëmmer erëm am Laf vum Mee nach eng Kéier eng méi kill Stréimung ugewisen, déi aus dem Nordweste soll kommen. E puer schwaach Unzeechen dofir ginn ëmmer nach heiansdo gewisen, mee haaptsächlech ass d’Iddi elo déi, dass mir meeschtens ënnert enger südëstlecher bis südwestlecher Stréimung solle verbleiwen.
Den aktuellen amerikanesche Modell rechent domat, dass d’Déifdrockaktivitéit mat Kär(en) iwwer Mëtteleuropa mol nach bis an déi nächst Woch era soll unhalen. Den europäesche Modell ass ganz änlecher Meenung, wat heescht, dass dësen Zenario warscheinlech ass. Fir eis hei ënne bedeit dat, dass eis Temperaturen am Dag viraussiichtlech bei tëscht 20 a 26 Grad variiéieren. Dobäi sinn awer Quellwolleken ënnerwee, déi eis op lokaler Basis ëmmer erëm eenzel Schauere brénge wäerten. Och Donnerwieder kënne mat dobäi sinn – dës kéinten opgrond vum schwaachen Héichtewand net séier vu Plaz kommen an dohier op punktueller Basis och e klenge Risiko fir Iwwerschwemmungen mat sech bréngen. Mir schwätzen hei net vu Lëtzebuerg, mee vu Mëtteleuropa am Generellen.
An duerno?
Wéi mir also feststellen, bleift et warscheinlech bis an déi nächst Woch eran an och driwwer eraus zimmlech variabel duerch frëndlech Ofschnëtter, eenzelne (kräftege) Schliet an och geméissegt bis waarm Temperaturen.
Wa mir eis dann elo fir de Schluss nach de Spekulatiounsberäich vum amerikanesche Modell ukucken, da gesäit dësen zanter e puer Leef d’Unzeechen op eng méi kräfteg südwestlech Stréimung. An de richtege Summerméint sinn dës ëmmer erëm fir markant Virstéiss vu waarme Loftmassen zoustänneg. Nach ass awer net gewosst, ob dat geschwënn genee esou wäert stattfannen – a wann, ob eis de Virstouss och trëfft oder awer knapp laanscht geet. D’Versich sinn awer op alle Fall do, dohier si mir definitiv “on track” fir de meteorologesche Summerufank den 1. Juni 2024.