Mëttelmier: Erëm Risk vun zolitte Reequantitéiten an de nächsten Deeg

Duerch déi héich Waassertemperature bleift de Risk vu schwéieren Onwieder am Mëttelmier weiderhin erhalen - dozou zielen de Nordoste vu Spuenien, Südfrankräich, Italien, Kroatien an och Griicheland.

Keng gutt Aussiichten

An de leschte Wochen ass ëmmer erëm iwwer zolitt Wiederphänomener am Mëttelmierraum beriicht ginn. Fir déi nächst Zäit sinn d’Aussiichte weiderhi net all ze gutt: duerch ëmmer nach héich Wasseruewerflächentemperaturen, Déifdrockafloss & méi kill Loftmassen an der Héicht ginn ëmmer erëm Schlechtwiedergebitter ausgeléist, déi fir schwéiere Schued suerge kënnen. Schonn am Summer haat een dës Entwécklungen fir am Hierscht virausgesot a gefaart.

Fir déi nächst Serie gesinn d’Modeller fir d’éischt mol e kräftegt Reegebitt fir Südwestfrankräich a Nordostspuenien vir: bis de Sonnden inclus sollen do nämlech lokal tëscht 50 an 80 l/m² Reen falen. Och a Richtung Marseille esouwéi d’Westküst vun der Nordhallschent vun Italien & Corse kënnen änlech Quantitéiten zesummekommen.

Kroatien méiglecherweis erëm betraff

Vun der nächster Woch un sinn dann och erëm vu Kroatien aus bis ganz erof bis a Griicheland op ee Neits zolitt Reefäll ze erwaarden. Déi aktuell Modellrechnunge vum europäesche Wiedermodell ECMWF gesinn bis den Dënschden inclus Quantitéite vun tëscht 70 an 150 l/m², punktuell och erëm 200 l/m² an driwwer.


Déi momentan berechent akkumuléiert Reequantitéite bis den Dënschden inclus (ECMWF) | Grafik: wxcharts.com

Parallel dozou reent et och iwwer Italien virun: südlech vu Roum ginn och erëm bis ëm 200 l/m² berechent. Wéi et genee kënnt, muss awer an de nächsten Deeg ofgewaart ginn. De Risk vu schwéieren Onwieder ass awer op alle Fall present.