Mëttelmier kënnt net zur Rou: Modeller rechne méi wéi 200 l/m² Reen, Iwwerschwemmungen erwaart

Mir mussen erëm eng Kéier iwwer d'Kaarte schwätzen, déi fir d'Mëttelmier berechent ginn. Op ee Neits kënnegt sech Onheel un.

Vb-Déif dréckt d’Gefor vu schroe Wiederen an d’Luucht

De Méinden hu mir eréischt iwwer scho Wiederen am Mëttelmierraum a besonnesch an Italie beriicht. Elo ass et leider erëm de Fall: déi neist Wiederkaarte weise keng flott Aussiichte fir de Gros vum Mëttelmierraum.

An engem fréieren Artikel vun haut hu mir jo d’Vb-Déif kennegeléiert, wat zumools a Richtung nächst Woch fir gréisser Schnéimassen iwwer Deeler vun Europa suerge kann. Dat selwecht Déifdrockgebitt ass och fir zukünfteg schro Wiedere verantwortlech, déi geschwënn erëm iwwert de Mëttelmierraum sause wäerten. Et kënnt vu Portugal a Spuenien hier eragewandert an zitt mat sengem Kär iwwer Südfrankräich & Norditalien ewech. Dat bréngt ënnert anerem mat sech, dass am Alperaum gréisser Massen u Schnéi erofkommen.

Vum Schnéi ewechgekuckt sinn et awer vill méi d’Onwieder, déi d’Haaptroll iwwerhuele wäerten. Déi immens kal Loftmassen aus der Héicht leeë sech iwwer dat vergläichsweis waarmt Mëttelmier, wouduerch sech Donnerwieder a staark Reebänner forméieren. Et leeft wuel erëm op Iwwerschwemmungen a Stuerm eraus.

Vereenzelt Modeller mat 200 bis 400 l/m² Reen ënnerwee

D’Reequantitéite wäerten an de nächsten Deeg mat Garantie zimmlech héich ausfalen. Et sinn awer och erëm e puer Modeller dobäi, déi a Richtung Extremer ginn: Esou beispillsweis den europäeschen ECMWF oder och de franséischen ARPEGE, déi Quantitéite vun tëscht 200 a 400 l/m² berechnen – dat bis de Sonnden inclus.


Et ginn erëm zolitt Reequantitéite berechent | Grafik: wxcharts.com

Vu muer u fänke sech d’Nidderschléi un lues a lues breetzemaachen. E richtege Stouss gëtt et dann awer viraussiichtlech um Samsden, wou groussflächeg zolitte Reen erofkomme soll. Déi gréisst Gefor besteet dem momentane Stand no iwwer Sardinien, der Corse, Punkte laanscht d’Westküst vum italienesche Stiwwel a virun allem erëm de Balkan-Raum: déi gréisst Quantitéite si fir Griicheland, Albanien, Montenegro, Bosnien, Kroatien a Slowenien dobäi. Wat méi no um Mier, wat d’Gefor méi grouss ass.

Tëscht dem Samsden an dem Sonnde kënne speziell op den Erhéijungen Stuermstéiss vu méi wéi 120 km/h optrieden.

Fir déi nächst Woch besteet de Risk vun enger Widderhuelung.