Mëttelmierraum & Alpen: Plazeweis méi wéi 200 l/m² Reen an Aussiicht

Een Déif nom anere beweegt sech iwwer d’Mëttelmier ewech a bewierkt esou, dass et op e puer Plaze konzentréiert zu ganz grousse Reenzomme kënnt.

Advertisement

De nächste grousse Reen steet un…

Eréischt d’lescht Woch waren an Italien op mannst zwou Persounen duerch schro Iwwerschwemmungen ëm d’Liewe komm. Elo schéngt d’Serie awer virunzegoen, déi nächst Déifdrockgebitter forméiere sech. Schwéierpunkt vun der Aktivitéit sinn déi nordëstlech Deeler vum Mëttelmierraum, och den Alperaum wäert heivu betraff sinn. Plazeweis kéinten och mol méi wéi 200 l/m² erofkommen.

Iwwert de méi ëstlechen Deeler, dem Balkan, si virun allem iwwer Nordalbanien, Deeler vu Montenegro, dem Norde vu Bosnien a gréisseren Deeler vu Koratien a Slowenien mat groussen Zommen ze rechnen. Iwwer Albanien weisen d’Modeller bis de nächsten Dënschden inclus Signaler fir méi wéi 250 l/m² Reen. Déi aner genannt Géigenden sollten tëscht 120 an 220 l/m² ofkréien. Et ginn och eenzel aner Berechnungen, déi däitlech méi héich Wäerter weisen.


D’Reequantitéite bis de nächsten Dënschden inclus | Grafik: wxcharts.com

Och am Nordoste vun Italien soll uerdentlech eppes erofkommen: zu der Grenz mat Slowenien si bis 150 l/m² méiglech. An den Alpen, och un der däitscher Säit, kënnen tëscht 70 an 120 l/m² optrieden.

De genannte Géigende steet also eng immens naass Zäit un.