Mëttelmierraum: Zolitte Stuerm a lokal >200 l/m² Reen ze erwaarden

An de nächste Stonne mécht sech en Déifdrockgebitt iwwert dem Mëttelmier breet, wat punktuell erëm fir schro Iwwerschwemmunge suerge kann. Betraff sinn Deeler vu Kroatien, Bosnien, Montenegro, Albanien, Griicheland an och Süditalien. Mat dobäi kënnt dann och nach Stuerm.

Ongewéinleche Parcours vum Déifdrockgebitt

An de meeschte Fäll forméiere sech d’Déifdrockgebitter, déi dës Onwieder an de Mëttelmierraum bréngen, iwwert dem Mëttelmier selwer. Dëst Déif hei huet säin Uersprong awer iwwert dem Atlantik. Et louch den Donneschdenowend nach südlech vun de britteschen Inselen a wandert haut wärend dem Freiden iwwer Frankräich eriwwer an d’Mëttelmier. Nieft dem ville Reen generéiert dëst gréissert Déifdrockgebitt och Stuermstéiss.

D’Situatioun an Italien

Wat de Reen betrëfft, kann ee bis de Sonnde verschidden Zonen agrenzen: bis an de Samsdenomëtte kritt d’Westküst vu Sardinien de Modeller no tëscht 40 a 60 l/m² Reen of. Desweideren ass bis de Sonndenowend spéit südlech a südëstlech vu Neapel mat tëscht 50 an 120, punktuell och 150 l/m² Reen ze rechnen. Och am Süde vun Italien, am Groussraum San Vito lo Capo, wat westlech vu Palermo läit, kënnen duerchaus mol bis zu 70 l/m² Reen erofkommen.


Den akkumuléierte Reen bis de Sonnden inclus iwwert dem Mëttelmierraum | Grafik: wxcharts.com

Westleche Balkan

Iwwert dem westleche Balkan/Südosteuropa besteet och e grousse Risk vun zolitten Onwieder. Modellrechnunge no sinn tëscht dem Freidemëtten an dem Sonndenowend laanscht d’Küste vu Kroatien tëscht 50 an 150 l/m² Reen méiglech. Méi wäit am Süden, laanscht de Weste vu Montenegro an Albanien, ginn et esouguer Signaler fir 200 l/m² Reen. De franséischen ARPEGE Modell wëll esouguer méi wéi 200 l/m² net ausschléissen.

Och de Weste vu Griicheland kéint ënner Ëmstänn direkt un der Küst bis zu 130 l/m² Reen ofkréien.

Zousätzlech Gefor: Stuerm

Et ass u sech e richtegen Zyklon, deen de Weekend iwwer iwwert dem Mëttelmierraum zirkuléiert. Iwwerdeems d’Déifdrockgebitt am Freidenomëtten ëmmer méi op d’Mëttelmier iwwergräift, ass tëscht Marseille a Barcelona punktuell mat ëm 100 km/h un de Küsten ze rechnen, iwwert dem oppene Mier selwer kënnen um spéidere Freidenowend Orkanstéiss vun 130 km/h optrieden. Iwwerdeems erliewen och Deeler vum westleche Balkan stiermesche Wand.


De Verlaf vun de Wandstéiss iwwert dem Mëttelmierraum bis an de Sonnden eran | Animatioun: wxcharts.com

De ganze Samsden iwwer bléist et virun allem iwwer Kroatie staark: un de Küsten an an den Héichten si Vitesse bis 130 km/h net ausgeschloss.

A Richtung fréie Méindemoie verléisst d’Déifdrockgebitt lues a lues den definéierte Raum.