Stuermdéif gëtt zu Schnéidéif
De Schnéifall, deen eis muer erwaart, geet vun engem Stuermdéif aus. Dëst läit de Moment kuerz virun der Westküst vu Frankräich a wärt ongeféier um Niveau vu Nantes mam Kär u Land goen. Tësche Nantes a Bordeaux si soumadde Stuermstéiss vun ëm 125 km/h ze erwaarden.
An der Nuecht op de Mëttwoch verléiert de Stuerm un Intensitéit a verlagert sech weider a Richtung Osten, ier d’Déif iwwert der Mëtt vu Frankräich ufankt, a Richtung Nordosten auszescheren. Well sech de System vun engem mëllen Ëmfeld (Küstegéigend) an e méi killt Ëmfeld beweegt (Nordoste vu Frankräich), geet de Nidderschlag, deen d’Déif mat sech dréit, och ëmmer méi a Schnéi iwwer. Dëse Schnéi soll eis dann laut de Berechnungen (Stand: 29. Januar 2019 00:42 Auer) ab de fréie Moiesstonne vum Mëttwoch ereechen.
Animatioun vum Dënschdemëtten bis de Mëttwochowend. Modell: ARPEGE (wxcharts.eu)
Schnéi am ganze Land méigleg
Sollt et wierklech sou kommen, wéi déi aktuell Modellrechnungen et gesinn, da géif et um Mëttwoch am ganze Land vir eng kuerz Zäit wäiss ginn. Folgend Oplëschtung representéiert d’Werter vun e puer erausgepickte Wiedermodeller:
- GFS: Südhalschend 4 bis 8 cm | Am Norden 10 cm | Héchst Koppen liicht driwwer
- ARPEGE: Südhalschend 5 bis 10 cm | Am Norden 15 cm | Héchst Koppen liicht driwwer
- HIRLAM: Südhalschend 7 bis 10 cm | Am Norden 10 cm | Héchst Koppen ëm 12 cm
- HARMONIE: Südhalschend 2 bis 4 cm | Am Norde bis 8 cm | Héchst Koppen ëm 10 cm
- ICON: Südhalschend 2 bis 4 cm | Am Norden 5 bis 8 cm | Héchst Koppen ëm 10 cm
Akkumuléiert Schnéihéicht bis den Donnëschde-Moien. Modell: ARPEGE (wxcharts.eu)
Onsëcherheeten
Zu dëser Thematik wärt et nach kuerz virum Antreffe vum genannten Zäitraum en Update ginn. Op alle Fall sollt ee sech bewosst sinn, dass des Wiederlag vun engem ex-Stuermdéif ausgeléist gëtt. Esou Stuermdéifer sinn onberechebar an zéien zimmlech séier. Wann d’Zuchrichtung an de nächste Simulatioune/Modellleef bëssen aneschters gerechent gëtt, da kéint daat en Afloss op déi uewe genannte Schnéiquantitéiten hunn. Wéi et de Moment ausgesäit, soll et awer sëcher zu Schnéifall kommen. Just muss nach gekuckt ginn, wéivill dann tatsächlech vu Plaatz zu Plaatz eroofkomme kann.