Mëttwoch: No méi laangem Reen kënnt e klenge Risk vu Blëtz an Donner

Um fréie Mëttwochmoien erreecht eis eng Kalfront, déi eis flächendeckenden a méi laang unhalende Reen bréngt. Dohannert geet de Reen an de Schauermodus iwwer, bei dem och Donnerwieder mat Graupel (klenge Knëppelsteng) net ausgeschloss sinn.

Advertisement

De Verlaf

Haut den Owend klëmmt vu Westen hier d’Warscheinlechkeet vu flächendeckendem Reen ëmmer méi. Iwwert d’Nuecht selwer bis an de Mëttwochvirmëtten era reent et virun, dat deelweis och mol e bësse méi kräfteg. Ronderëmt d’Mëttesstonn sollt eis d’Kalfront lues a lues schonn verlooss hunn, ier aus Westen nach e puer weider Schaueren optriede kënnen. Et gëtt also en Iwwergang gemaach vu quasi Dauereen-méissegen zoustänn zu e puer eenzelne Schaueren.


Signaler op eng liicht erhéicht Warscheinlechkeet vu méi kräftege Schliet vum Nomëtten un | Grafik: modellzentrale.de

Vum Nomëtten u rechnen eenzel Modeller mat der Warscheinlechkeet vun e puer linneméissege Schauersegmenter, déi aus Westen hier iwwer BeNeLux weider an Däitschland eranzéien. Duerch déi labil Loftmassen ass et dobäi net ausgeschloss, dass sech wärend de Schaueren och e puer Blëtzer entluede kënnen – oder esouguer kleng Segmenter a Form vun Donnerwiederlinnen optriede kënnen. Am Fall vun engem kräftege Schluet oder engem Donnerwieder besteet niewebäi och d’Warscheinlechkeet vu Graupel (klenge Knëppelsteng, wat op déi kill Héichtestréimung zréckzeféieren ass. An dësem Fall géif et sech also ëmt typescht Abrëllswieder handlen.

Et sief awer och un de Wand geduecht, deen bei esou engem Passage mol op stiermesch 75 km/h opfrësche kann.