Modeller ëmmer méi sécher: Um Donneschde schwéier Stuermstéiss méiglech

De Weekend haat sech schonn ofgezeechent, dass am Laf vun der Woch nawell markant Wand-Entwécklunge méiglech wieren. Déi neist Kaarte confirméieren dëst elo ëmmer méi.

Modeller gi sech esou lues eenz

Nodeems et tëscht dem amerikanesche Wiedermodell GFS an dem europäeschen ECMWF fir den Donneschde gréisser Onsécherheete gouf, eenege se sech an Tëschenzäit ëmmer méi op eng gewëss Richtung. Aner Modeller, déi e bësse méi héichopléisend sinn, rechne mëttlerweil och bis den Donneschden a gesinn och méi markant Zenarien op Lëtzebuerg duerkommen.

D’Situatioun an d’Wandvitessen

Vum nërdlechen Nordatlantik hier zitt tëscht haut an dem Donneschden e Stuermdéif a Richtung Ostséi a bild dobäi e Stuermfeld aus. Dëst Stuermfeld soll um Donneschdemoien d’Nordséiküsten erreechen, iwwerdeems et och bei eis zu Lëtzebuerg schonn e bësse méi lefteg gëtt. Vum spéidere Virmëtten un bis an de fréien Owend era rechnen d’Modeller dann mat enger Verstäerkung vum Wandfeld, wat bei eis aktiv ass.


D’Wandvitessen um Donneschdemëtten, berechent vum europäeschen ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent an dësem Zäitraum mat maximale Wandvitesse vun tëscht 75 a 95 km/h, deemno wéi kann och un den 100 km/h gekrazt ginn. Den europäeschen ECMWF ass e bësse manner staark ënnerwee, mee ëmmer nach markant: tëscht 70 a 85 km/h sollen optrieden. Den däitschen ICON gesäit och Spëtzte vu bis ëm 90 km/h op eis duerkommen, iwwerdeems de franséischen ARPEGE grad emol mat bis ëm 80 km/h an eise Géigenden ënnerwee ass.

Alles an allem gesäit et de Moment awer no enger Stuermlag aus, bei där schwéier Stuermstéiss méiglech sinn. Bekräftegt gëtt dës Ausso nach dovun, dass un der Kalfront méi staark Schaueren an deemno wéi Donnerwieder méiglech sinn, bei deenen de Wand aus méi héije Loftschichte kann op de Buedem erofgemëscht ginn. Do wou dat de Fall ass, wiere schwéier Stuermstéiss vun 100 km/h an driwwer warscheinlech.