Modellgeflüster: August kéint ze waarm, mee méi naass wéi Juli ginn

No der historescher Hëtztwell vu virun e puer Deeg freet ee sech, wéi et da wuel am August viru goe wärt. An dësem Artikel kucke mir mol rem engkéier op d’Laangzäitberechnunge vum CFS-Modell, déi awer net als Prognos unzegesi sinn, mee éischter als Estimatioun.

Rem bëssen ze waarm

Den CFS Modell (Climate Forecast System) ass e Mëttelfrist- bis Laangzäitmodell a rechent bis zu 6 Méint am Viraus. Et handelt sech dobäi also net ëm Prognosen, mee Estimatiounen.

Sou sollen d’Temperaturen am August rem e Stéckchen ze waarm ausfale kënnen, ëm 1°C an der Moyenne gëtt als Anomalie gerechent. Et kéint rem sou ähnlech sinn wéi am Juli, dass och am August verschidde Phase virkomme kënne, wou d’Temperaturen däitlech iwwert den Duerchschnëtt klamme kéinten. Et besteet och rem eng Wahrscheinlechkeet vun enger potenzieller Hëtztwell, déi awer a Richtung Enn August zréckgoe sollt.

Ënnert dëse Links kënnt Dir Iech d’Estimatioune vir déi nächst 6 Méint ukucken: Temperatur | Reen

Mat Chance liicht ze naass

Eppes positives rechent den CFS awer trotzdem fir de Mount August. Et soll nämlech e bësse méi reenen, wéi et fir de Mount normal ass. Dat géif der Natur e bëssen hëllefe, sech ze regeneréieren a Waasserreserven opzebauen. Et gëtt aus aktueller Siicht gerechent, dass et an der lëtzebuerger Géigend duerchschnëttlech gesinn em 0,2 bis 0,4 l/m²/Dag méi reene kéint wéi soss. Dat wieren op de Mount gekuckt am ganze 6 bis 12 l/m². All ze vill wier dëst also net, mee der Natur géif et näischt schueden.

Duerch déi potenziell liicht méi héich Reequantitéiten am Mount August gëtt d’Landschaft méiglecherweis (an hoffentlech) rem bësse méi fiicht, soudass d’Wahrscheinlechkeet vu Bësch- a Flächebrenn lues a lues zréckgoe sollt. Dëst heescht awer net, dass se guer net méi bestoe wärt. Déi rem iwwerduerchschnëttlech héich berechent Temperature kënne, wéi virdru gesot, rem en Indice drop sinn, dass et u verschiddenen Deeg e gutt Stéck méi waarm wéi den Duerchschnëtt kéint ginn.