Modellgeflüster: Bal kee Reen méi, zweet Julihallschent méiglecherweis méi waarm

Wann een op de Reen fir déi nächst Woche kuckt, da gesäit et haaptsächlech dem amerikaneschen CFS- Modell no guer net gutt aus.

Mat Pech immens dréchene Rescht vum Juli

An der leschter Woch vum Juni hu mir eis d’Laangzäitberechnunge vum amerikanesche Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System) ugekuckt a si schon op de Fazit komm, dass de Mount Juli ze dréchen a minimal ze waarm kéint ginn. Déi neist Berechnunge vum selwechte Modell deiten un, dass et de Rescht vum Juli op enger Rëtsch Plaze quasi guer net méi reene kéint.

CFS/NOAA: Berechent Nidderschlagsanomalie fir de Juli 2020

Mëttlerweil rechent den CFS mat enger Anomalie vun duerchschnëttlech -1 l/m² den Dag. Normalerweis reent et an engem Juli 71 l/m², dëst Joer kéinten eis um Schluss vum Mount méi wéi 31 l/m² feelen. D’Dréchent géif sech also drastesch verstäerken.

Dëst alles awer nëmme, falls sech d’Berechnunge vum genannte Laangzäitmodell tatsächlech duerchsetze sollten. Et ass keng Prognos, mee ebe nëmme “Modellgeflüster”.

Temperature kéinten an zweeter Julihallschent klammen

Sou wéi den amerikaneschen Ensemblemodell GEFS et gesäit, sollen d’Chancen op summerlech a wa net souguer héichsummerlech Temperature an der zweeter Hallschent vum Juli an d’Luucht goen. Dës Berechnunge si selbstverständlech duerch déi zäitlech Distanz mat Virsiicht ze genéisse – mee et kéint sech awer heibäi ëmt e méiglechen Trend handlen.

Bis den 10. Juli, also de Freide, soll et rem bësse méi waarm ginn. Maximaltemperature vu plazeweis 23 Grad wiere rem méiglech, besonnesch laanscht Musel mee och un den iwwleche Plaze wéi d’Ëmgéigend Miersch an Ettelbréck. Eng Kalfront soll iwwert de Weekend da rem fir e klenge Réckgang suerge, wou sech d’Temperaturen tëscht 16 an 20 Grad apendle kéinten. Mir geroden ënner Héichdrockafloss, sonnëg Momenter huelen de Samsden an de Sonnden zou. Dëst Héichdrockgebitt spillt eis awer keng summerlech Temperaturen zou.

GEFS-Ensemble: Héichsummerlech Temperaturen Enn Juli rem méi warscheinlech (meteociel.fr)

No dësem klenge Réckgang sollen d’Wäerter dann dem GEFS- Modell no vum 11. Juli un Dag fir Dag e klengt Stéck klammen. An der zweeter Julihallschent sollen da rem Summertemperature vun iwwer 25 Grad méiglech sinn, demno wéi kéint rem un den 30 Grad gekrazt ginn. Dëst ass awer just eng eenzel Berechnung. Den amerikanesche GFS schéngt de Moment och rem e bëssen a Richtung Hëtzt fir de genannten Zäitraum ze goen, iwwerdeems sech den europäeschen ECMWF nach bedeckt hält. Fest steet: an der éischter Julihallschent erwaart eis keen Héichsummer méi. Déi logesch Konsequenz: d’Warscheinlechkeet ass an der zweeter Hallschent vum Mount am héchsten.