Modellgeflüster: Besserung an der neier Woch

De Weekend fënnt de Wanter also de Wee zréck op Lëtzebuerg. Am Géigesaatz zu der éichter Keeltphase vu viru bësse méi wéi 2 Wochen sollt ët dëskéier nët méi grad esou laang kaal bleiwen. Och sollt ët nët méi sou extrem kaal ginn. Vir déi nei Woch ass den aktuelle Modellrechnunge no schon eng Besserung a Siicht.

Konstant méi mëll an der neier Woch

Den absolute Minimum vun der aktueller Keeltwell gëtt an der Nuecht op de Méinden erwaart. Do kënnen d’Temperature, virun allem am Norden vum Land, op -10 Grad zréckgoen. Lokal ass ë bësse manner nët auszeschléissen.

De GEFS Ensemble mat den Aussiichten op de Recht vum März. Eis kéint direkt no der Keelt eng mëll Entwécklung befirstoen. Grafik: meteociel.fr

An der neier Woch verloossen eis awer déi kaal Loftmassen a maache Plaatz vir méi waarem Loft, waat een och um momentanen Ensemble erkennt. Vun der neier Woch un gëtt nämlëch domadde gerechent, dass d’Temperaturen mat enger gréisserer Wahrscheinlëchkeet Daag vir Daag ë klengt Stéck klamme wärten. Dobäi wier daagsiwwer och mat kengem bis nëmme wéinëg Nidderschlag ze rechnen. Virun allem awer sollten dann sonnëg Momenter méi oft virkommen.