Modellgeflüster: De Wanter start e neie Versuch!

Virun enger Woch haat ech drop opmierksam gemaach, dass dëse Wanter de Berechnunge von der NOAA no ze waarem ausfaale kéint. Dëst ass och ëmmer nach sou – daat heecht awer net, dass mir kee Wanter kréien.

Kaum Reen bis Enn November

Ier mir op de Wanter ze schwätze kommen, hei nach e klenge Bléck op d’Nidderschlagsquantitéiten a nächster Zäit: Wéi schon an e puer Artiklen erwähnt, geroode mir bis an déi nächst Woch mat ënnert den Afloss vun engem kräftëgen Héichdrock. Dësen Héichdrock verhënnert ënnert Anerem den Zoufloss vun Déifdrockgebitter a soumadde Nidderschléi aus westleche Richtungen, wouduerch et ënner Ëmstänn bis Ufank Dezember kaum zu nennenswerte Nidderschléi hei am Land komme kéint.

Temperaturen um Wee no ënnen

Iwwerdems mir sou gutt wéi kee Nidderschlag ze erwaarden hunn, ass mat vill Sonn ze rechnen – virausgesaat de Niwwel an Héichniwwel kréie sech séier genuch opgeléist. Tortz de sonnëge Momenter ginn d’Temperaturen awer kontinuéierlech zréck. Bis Enn November gi Buedemfrascht a glaat Stroossen, zumindest an de Nuechte, méi wahrscheinlech. Sollten d’Berechnungen esou bleiwe wei de Moment, da géif et ufanks Dezember och am Dag vir Buedemfrascht a Minustemperaturen op 2 Meter Héicht duergoen.

Zäitgläich géif och d’Wahrscheinlechkeet vu Schnéifäll klammen. Vir do awer schon eppes méi détailléiertes driwwer ze soen, ass et nach ze fréi.

Op der Grafik hei ënnendrënner ass de méi sëcheren Trend mat engem duerchgängege Feil gekennzeechent. Deen deel, dee nach gréisser Onsëcherheeten opweist, mat engem gestirchelte Feil.

GEFS Ensemble (wxcharts.eu)