Modellgeflüster: Demnächst en Hauch Wanter méiglech?

Bis Enn der Woch ass nach domat ze rechnen, dass mir ënner Déifdrockafloss stinn a sech d’Bild vum Wieder net wierklech ännert. Enn Oktober kéint et dann awer demno wéi a Richtung däitlech méi kaal goen – den Trend ass awer nach net confirméiert! Et bleift spannend.

Des Woch: Oft wollekeg a nach Schaueren

De Moment beaflosst e grousst Déifdrockgebitt, wat mat séngem Kär südwestlech vun Island positionéiert ass. An dëst Déif agelagert ass e weidert klengt Déif, wat an der vergaangener Nuecht nach iwwert der Nordséi ënnerwee war an e puer méi kräfteg Donnerwieder iwwert der Mëtt vun Däitschland entstoe geloss huet. Do wou et net grad gedimmert huet, huet et an enger Sträif vum Süde bis an de Norde vun Däitschland och nach kräfteg gereent.

Dat ugeschwaatend grousst Déifdrockgebitt verlagert sech an de nächsten Deeg a Richtung britesch Inselen, wat also heescht, dass et weiderhi fir eis relevant bleiwe wäert. Bis de Weekend mat sinn also vill Wolleken ënnerwee, tëschenduerch sinn och ëmmer rem Schaueren dobäi. Zäitweis kënnen des méi kräfteg ausfalen. Mee keng Angscht: et wäert net permanent reenen. D’Wieder ass zimmlech variabel, dohier kann et heiansdo och zu kuerze méi flotte Momenter mat Sonn kommen. D’Temperature si fir de Rescht vun der Woch tëscht 11 a 17 Grad am Dag anzegrenzen – déi héchst Wäerter ginn am Südweste souwéi och laanscht Musel areecht, déi méi déif, wéi bal ëmmer, méi wäit am Norden. De Modellrechnunge no solle bis de fréie Samsdemoien tëscht 15 an 20 l/m² Reen uechtert Land erofkomme kënnen, ier um Samsde selwer nach weidere Reen méiglech ass, op mannst aus momentaner Siicht gesinn.

Buedemanalys vum 15.10.2019 18UTC (DWD)

Spannend Berechnungen

Kucke mir e klengt Stéck méi wäit: Déi nächst Woch! Gleeft een de momentane Modellrechnungen, da soll de Reen do fir e puer Deeg net méi grad sou eng Präsenz weisen – sou eventuell vum Dënschdenowend un bis den Donneschden. D’Temperature géifen awer an deem Fall an enger ähnlecher Spannwäit bleiwe, wéi elo och. Do sinn also mol NACH keng all ze grouss Ännerungen ze erwaarden.

Sou a lo kënnt den Deel, deen een als “Modellgeflüster” bezeechne kann. Alles wat vun elo uns geschriwwe gëtt, ass just eng Iddi vum amerikanesche Wiedermodell. Den europäesche Modell dogéint huet nach méi mëll, also net grad esou kaal, Solutioune parat.

Géif et dem amerikanesche GFS no goen, da kéimen tëscht dem 24. an dem 30. Oktober polar Loftmassen op eis duer. Dës géifen d’Temperaturen am Dag e gutt Stéck erofdrécke, virun allem am Norde méiglecherweis an den eestellëge Beräich am Dag, an de Nuechte souguer bis an de Minus. Dem Ensemble no, also dem GEFS, géif op den héchste Koppe vum Land och d’Wahrscheinlechkeet vun den éischte Flacken, zwar gemëscht mat Reen, an d’Luucht goen.

Potenzielle Polarloft-Abroch Enn Oktober (net confirméiert!) – GFS (wxcharts.com)

Mee: Wéi scho gesot, gesäit den europäesche Modell ECMWF dat Ganzt nach e bëssen anescht oder huet et nach net sou um Schierm, wéi de GFS. Sollt sech dat awer och an déi selwecht Richtung änneren, da wier et tatsächlech net falsch, Enn Oktober lues a lues unzefänken un d’Wanterpneuen ze denken. Net onbedingt wéinst Schnéi, mee haaptsächlech duerch glaat Stroossen. Ech halen Iech dozou op alle Fall um Lafenden!