Modellgeflüster: Demnächst Temperaturen tëscht 30 a 35 Grad net ausgeschloss

An der Modellwelt deet sech esou lues eppes. Den aktuelle Berechnunge no kann et a noer Zukunft méi oft zu héichsummerlechen Deeg kommen.

Tendenziell méi oft summerlech & héichsummerlech

Nodeems den europäesche Wiedermodell ECMWF scho virgëschter Undeitungen drop gemaach huet, dass sech den Héichsummer demnächst besser bei eis duerchsetze ka, schéngt och den amerikanesche Wiedermodell GFS ëmmer méi oft mat Wäerter vun ëm 30 Grad an driwwer ze rechnen.

Den ECMWF rechent scho fir de kommenden Dënschden domat, dass sech en Déifdrockgebitt iwwert déi Brittesch Insele leet. Zesumme mat héijem Loftdrock iwwer Polen an Tschechien gi waarm Loftmassen aus dem Südweste vun Europa ugezaapt, wouduerch (Stand aktuell: 24.07.2020 – 05:03 Auer) Temperature vun tëscht 26 an 33 Grad méiglech wieren. Och den amerikanesche GFS rechent mat dësem Virstouss vun héichsummerleche Loftmasse, mee méi wäit ëstlech. Et wieren dësem no héchstens laanscht Musel mol Wäerter vu knapp iwwer 30 Grad méiglech, meeschtens géife mir awer drënner bleiwen.

Déi viraussiichtlech Loftmasse vum Méinde bis den 1. August (ECMWF – wxcharts.com)

Glaskugel: Nächste Weekend 35 Grad net onméiglech

Info: Déi nächst Zeile beschreiwen Szenarien, déi nach méi wäit an der Zukunft leien. Et ass just eng Iddi wou et higoe kéint, mee et ass nach vill ze fréi fir sécher vun dëse Wäerter auszegoen.

Vum Mëttwoch bis de Freide sickert erëm méi kill Loft an, wat awer net vu laanger Dauer ass. Scho fir de Weekend (1. August 2020) rechent den ECMWF mat enger weiderer Konstellatioun, duerch déi mir et mat héichsummerlechen Temperaturen ze di kriiten. Dës Kéier wier et en Déif, wat mat sengem Kär iwwer Island läit an erëm héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa, wouduerch dëse weidere Virstouss vun héichsummerleche Loftmasse méiglech wier. Setzt sech dat ganzt genee sou duerch, wéi den ECMWF dat berechent, da kéinte Wäerter vun tëscht 30 a 35 Grad optrieden.

Den amerikanesche GFS gesäit dat erëm e bëssen anescht: de Kär vum Déifdrockgebitt géif nordwestlech vun de Britteschen Inselen leien, iwwerdeems d’Héichdrockgebitt méi wäit iwwert dem Oste vun Europa leie géif. D’Hëtzt kéim net grad esou wäit an de Norde virun, wouduerch dëse Modell erëm mat net grad esou héije Wäerter rechent. Wuel wieren eppes iwwer 30 Grad méiglech, fir 35 Grad sollt et dësem Szenario no awer net duergoen.