Modellgeflüster: D’nächst Woch markant Stuermlag(en) méiglech?

A Saache Wand war et elo laang Zäit roueg – dat haaptsächlech dowéinst, well mir ënner zimmlech stabilem a staarkem Héichdrockafloss stinn/stoungen. Vum Weekend u wäert dat änneren a mir geroden ëmmer méi ënnert eng zyklonal Westwiederlag.

Et gëtt däitlech méi mëll

Duerch déi westlech bis südwestlech Stréimung, déi sech lues awer sëcher astelle wäert, gëtt et net nëmme méi gro a méi fiicht bei eis, mee et ginn och rem méi mëll Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt. D’Zäite mat de Minusgrade vun ënner -5 Grad sinn also eriwwer. D’Temperature packen et um Sonnde beispillsweis op 5 bis 8 Grad, de Méinde sollen et scho 7 bis 11 Grad sinn. E bësse manner mëll, mee ëmmer nach liicht iwwerduerchschnëttlech soll et den Dënschde mat 5 bis 9 Grad ginn. Kloer, et ass nach eng Zäit bis dohin, mee dat ass den aktuelle Stand. Dobäi soll et da, wei scho gesot, meeschtens bedeckt sinn. Tëschenduerch sinn ëmmer rem Schauere méiglech.

Video vum 23. Januar 2020

Markant Stuermstéiss net onméiglech

A Punkto Wand rechnen déi meescht Modeller, déi elo scho sou wäit kucke kënne, mat enger méi “lieweger” Phas. Dem europäesche Modell ECMWF no kéint sech an der Nuecht op den Dënschden z.B. eng markant Stuermlag astelle, wou Wandvitesse vun tëscht 85 an 110 km/h net onméiglech wieren. Och den amerikanesche Modell GFS gehäit mat ähnlechen Zuelen ëmt sech – se si just net grad sou héich. Tëscht 70 a 95 km/h sollen awer aus aktueller Siicht gesi méiglech sinn. Den däitsche Modell ICON gesäit nach net esou wäit, d’Tendenz geet awer och an dësem Fall an déi selwecht Richtung.

Dat war lo alles e bësse méi wäit an d’Zukunft gekuckt, et kann also nach zu Ännerunge kommen. Well d’Modeller et awer all zimmlech ähnlech gesinn, sollt een dëst op alle Fall awer mol am Aen behalen. Wat awer scho mol sëcher ass: vum Weekend un kënnt et zu engem Changement, dee sech duerch däitlech méi Wolleken, Reen an och duerch d’Temperature bemierkbar maache wäert.

Méiglech Stuermfelder an der nächster Woch (ECMWF / wxcharts.com)