Modellgeflüster: D’nächst Woch nachengkéier Schnéischauere méiglech

Enn der Woch soll et mol rem engkéier fréijoersméisseg waarem ginn. An duerno? D’Modeller géifen eis fläit nachengkéier de Bierg of schécken – dohinner, wou et fläit och mol nachengkéier wanterlech kéint ginn.

Tatsächlech nachengkéier wanterleche Niveau?

Virdéicht sief gesoot, dass mir eis an engem Previsiouns-Beräich befannen, dee bal eng Woch an der Zukunft läit. Well d’Modeller vun europäescher souwéi amerikanescher Säit awer ëmmer rem en interessanten Szenario berechnen, hei e méi ausféierlechen Artikel dozou.

Den Donneschden an de Freide sinn déi wärmst Deeg ze erwaarden. Ëm 18 Grad solle wuel gemooss kënne ginn, mat Chance och mol een oder zwee Grad driwwer. De Modeller no kéint sech d’Fréijoerswieder scho gläich rem vun eis verofschidden: Ufanks der nächster Woch, sou ab dem Dënschde, wärt haaptsächlech déiwe Loftdrock iwwer eist Wieder entscheeden. Aus nordwestleche Richtunge gi polar Loftmassen ugezaapt, wat bei eis vir däitlech méi niddreg Temperaturen um Buedem suerge wärt. Den Afloss vun dëse Loftmasse soll dem aktuelle Stand no (27.03.2019 00:14 Auer) bis Enn der nächster Woch unhaalen.

Sinn et fiicht a kaal Loftmassen, da kéint et sinn, dass mir Dënschdes oder Mëttwoch déi eng oder aner Graupel-, Schnéireen- oder Schnéischauer erliewe kënnen. Am Dag géifen d’Temperature net wäit iwwert dem Gefréierpunkt leien, an der Nuecht drënner.

Vir iwwer Schnéihéichten ze schwätzen, ass et definitiv ze fréi. Et sollt awer ugeholl ginn, dass net vill zesummekomme wärt. Well et een bis zwee Deeg drop scho rem méi waarem gëtt, ass eng unhaalend méi wanterlech Phase auszeschléissen. Et handelt sech ganz einfach em Abrëllswieder.

Wéi gesäit et mam Wieder vir déi nächst dräi Deeg am Détail aus?

Simulatioun vum amerikanesche GFS: Loftmassen an 1,5 km Héicht (wxcharts.com)

Simulatioun vum europäeschen ECMWF: Loftmassen an 1,5 km Héicht (wxcharts.com)