Modellgeflüster: Geschwënn éichten hierschtlëchen Touch?

Dëse Summer steet eng interessant Wiederlag no der anerer an d’Haus. Nodeems eng Rëtsch Modeller vir Enn August e weideren Zoufloss u waarme Loftmasse berechent hunn, schéngt daat ganzt awer lo rem ze kippen. Ob et demnächst schon tatsächlech liicht hierschtlëch gëtt?

Video vum 16. August 2018

Virdéicht nach summerlëch…

Ier et zu dem potenziellen Temperaturréckgang kënnt, fanne virdéicht mol nach méi waarem Loftmassen de Wee op Lëtzebuerg. Sou ass dann bis Enn der nächster Woch mat summerlëchen Temperature vun ëm déi 25 Grad ze rechne, virun allem am Süde vum Land kënne lokal nachengkéier bis zu 28 Grad net ausgeschloss ginn. Ët wärte, wéi mir et aus de leschte Woche gewinnt waren, keng nennenswert Nidderschléi ze erwaarde sinn. Iwwert déi ganz Period, bis méiglegerweis den 23. August, wärt et nëmme ganz wéineg bis guer net reenen. Mat der Drëchent geet et also virun, och wa mir keng grouss Hëtzt méi ze bekloen hunn. D’Sonn deelt sech den Himmel mat méi a mol manner Wollécken.

GFS 850 hPa Temperatur (wxcharts.eu)

Prognosen am Détail:

…duerno Temperaturréckgang?

Natierlech ass déi folgend Beschreiwung nach mat groussen Onsëcherheete verbonnen, allerdéngs schéngt den Trend net all ze onwahrscheinlech.

Rondrëmt de 24. August berechent den amerikanësche Wiedermodell GFS kaal Loftmassen, déi aus nördleche Richtungen eragesickert kommen. Och den europäëschen ECMWF huet dës Variant am Haaptlaaf dran, just net grad sou markant a minimal méi mëll. Sollt sëch dësen Trend tatsächlech duerchsetze kënnen, da géifen d’Temperaturen a Mëtteleuropa signifikant ënnert daat faalen, waat mir an de leschte Woche gewinnt waren. D’Temperature géife bei eis um Buedem nach 14 bis 20 Grad ereeche, mat Chance nach minimal driwwer. Mat dobäi géif endlech och rem e méi grousse Risk vu Schauere klammen, deen der Natur wéinstens e besse Waasser brénge géif.

Wéi schon e puer Zeilen uewendriwwer betount, ass dëst alles nach guer net sëcher. D’Wahrscheinlechkeet dovir ass awer net all ze kleng, soudass Météo Boulaide daat ganzt vir Iech am Aen behaale wärt. Op der Websäit an och op der Facebooksäit sidd Dir stännëg um neiste Stand.