Modellgeflüster: Héichsummer an der neier Woch

Dëst Joer huet scho vill Iwwerraschunge mat sëch bruecht. Nodeems den Abrëll schon iwwerduerchschnëttlech waarem ausgefall ass, kann dem Mee elo daat selwecht bléien. Eng hëtzeg Phase ass méiglëg.

Virdéicht Schaueren a Wiederen

Ier sech d’Temperaturen däitlech op de Wee no uewe maachen, musse mir eis nach bis baal de Freiden op lokal begrenzt Schaueren an Donnerwiederen astellen. Dës kënne, wou se optrieden, och mol a Saache Reen méi kräftëg ginn. Am Laaf vum Weekend fanne waarem Loftmassen de Wee op Lëtzebuerg.

Temperaturen vun ëm 30 Grad

Grafik: wxcharts.eu

An de leschten Deeg rechnen d’Wiedermodeller ëmmer rem mat engem Zoufloss vu waarme Loftmassen aus südleche Richtungen, déi bei eis Temperature vu wäit iwwer 25 Grad provozéiere kënnen. An enger Héicht vun annerhalwem Kilometer wärten d’Temperaturen op 15 bis 17 Grad klammen, waat um Buedem souguer Werter vun ëm déi 30 Grad bedeite kënnen.

D’Schaueren an Donnerwiederen déi mir de Moment hunn sinn also kee schlecht Omen vir déi nächst Deeg. Ët gëtt wuel richtëg waarem zu Lëtzebuerg, och wann dann iergendwann rëm de Risk vun Donnerwiedere klëmmt. Bis dohinner ass ët dann awer nach eng Zäit.