
Liicht iwwerduerchschnëttlech waarm
Den CFS Modell (Climate Forecast System) ass e Mëttelfrist- bis Laangzäitmodell a rechent bis zu 6 Méint am Viraus. Et handelt sech dobäi also net ëm Prognosen, mee Estimatiounen.
Sou sollen d’Temperaturen elo am Juli e Stéckchen ze waarm ausfaalen, ëm 1°C an der Moyenne. Kléngt net no vill, ass awer net ausser Uecht ze lossen. Sou kéint et eventuell zu Deeg kommen, wou iwwerduerchschnëttlech héich Temperature vir de Mount Juli kënnen areecht ginn. Dat mam Potenzial vun där enger oder anerer Hëtztwell (muss awer net sou sinn).
Ënnert dëse Links kënnt Dir Iech d’Estimatioune vir déi nächst 6 Méint ukucken: Temperatur | Reen
Reendefizit an Aussiicht
Déi méiglecherweis liicht ze héich Temperature vir d’Joreszäit si net dat eenzegt, wat eis dem CFS-Modell no befirstoe kéint. Mat dobäi kënnt nach d’Thema Nidderschléi, wou et net sou gutt ausgesäit. Op deeglecher Basis soll et nämlech an eise Géigenden 0,6 l/m² ze mann Reen ginn. Dat sinn op de Mount gerechent ongeféier 18,6 l/m², déi eis feele géifen.
Zesumme mat iwwerduerchschnëttlech héijen Temperaturen an engem potenzielle Nidderschlagsdefizit kéint d’Thema Drëchent am Juli nawell en Thema ginn. Duerch den drëchene Buedem besteet desweidere nach d’Wahrscheinlechkeet vu Flächebränn/Bëschbränn. Also näischt an d’Natur geheien, wat e Brand provozéiere kéint.