Modellgeflüster: Kënnt de Summer nach eng Kéier erëm?

Et ass erëm méi variabel dobaussen an och déi kill Nuechte sinn zréck. Kënnt elo schonn d’Hierschtwieder oder kéint sech de Summer nach eng Kéier duerchgesat kréien?

Wiedermodeller wëlle nach net ganz ofschléissen

De meteorologesche Summer geet den 1. September op en Enn. Et bleiwen ëm also nach dräi Deeg, ier de meteorologeschen Hierscht ugeet. Wéi ëmmer hält sech d’Wieder awer net onbedingt un dës Richtlinnen. D’Modeller ECMWF a GFS rechnen de Moment (Stand: 28.08.2020 – 01:30 Auer) domat, dass sech Ufanks September méiglecherweis nach eng Kéier eng Grousswiederlag zesummestelle kann, duerch déi summerlech oder eventuell souguer héichsummerlech Loftmassen op Lëtzebuerg geschwappt kéinte kommen. Well dëst awer nach sou wäit an der Zukunft ass, sinn déi nächst Zeile mat Virsiicht ze genéissen. Et ass just Spekulatioun.

Den europäeschen ECMWF rechent ronderëmt de 4. September domat, dass mir et iwwert dem ëstlechen Däitschland mam Kär vun engem Héichdrockgebitt ze dinn hunn, iwwerdeems um Nordatlantik (nordwestlech vun de Britteschen Inselen) de Kär vun engem Déif läit. Duerch dës Konstellatioun kéime nach eng Kéier waarm Loftmassen aus dem déiwe Südwesteuropa, also Spuenien, an eis Géigenden erop. Fir déi selwecht Zäit rechent den amerikanesche GFS mat engem Héich, wat mat séngem Kär iwwer Tschechie leie soll. Iwwerdeems humir nach een Héich knapp virun der Westküst vu Frankräich an direkt donierft, ëstlech dovun, e klengt Déifdrockgebitt, wat duerch en Héich, wat méi wäit iwwert dem zentralen Atlantik läit, an de Süde gedréckt gëtt. Och wann d’Konstellatioun eng aner ass, kéim dat ongeféier op dat selwecht eraus, wat den europäeschen ECMWF gesäit.


D’Grousswiederlag fir de 4. September 2020 dem ECMWF no. Grafik: wxcharts.com

Sollt sech d’Grousswiederlag wierklech esou oder änlech duerchsetzen, da kriite mir nach eng Kéier Temperature vun tëscht 25 an 28 Grad. Sollt sech nach eng méi waarm Situatioun astellen, da kéint et plazeweis nach eng Kéier fir niddreg ugesat Héichsummerwäerter vu knapp iwwer 30 Grad duergoen. Mee mol kucken wéi sech dat ganzt entwéckelt… interessant ass et awer op alle Fall.