Modellgeflüster: Klammen d’Temperaturen d’nächst Woch op 30 Grad an driwwer?

Elo kéint et zimmlech séier goen: den aktuelle Modellrechnunge no gerode mir d’nächst Woch ënner eng fiichtwaarm Südweststréimung.

ECMWF a GFS si sech eenz

Den amerikanesche Wiedermodell GFS an och den europäeschen ECMWF si sech doriwwer eenz, dass mir am Laf vun der nächster Woch ënnert eng westlech bis südwestlech Stréimung geroden. Dëst géif et erméiglechen, dass waarm mee och deels méi fiicht Loftmassen aus Spuenien an eis Géigenden transportéiert ginn. Den ECMWF rechent vum Dënschden un an 1,5 km Héicht mat Loftmasse vun ëm 16 bis 18 Grad, ähnlech wéi de GFS dee nëmme liicht driwwer läit. Sollte sech dës Loftmasse wierklech duerchsetze, wier mat Maximaltemperature vun 30 Grad a punktuell och däitlech driwwer ze rechnen.

Och wann d’Warscheinlechkeet vun dësem Szenario net grad kleng ass, sollt een dat ganzt nach mat Virsiicht genéissen. Am Laf vum Weekend sollt een dat ganzt idealerweis confirméiere kënnen.

Méiglech gëtt dëst, well sech en Héich iwwer Mëtteleuropa installéiert. Iwwert dem Atlantik ass zu dësem Zäitpunkt e grousst Déif, méi wäit iwwert dem Nordoste vun Europa e weidert Déif. Duerch dës Konstellatioun kënnt déi südwestlech Stréimung zustane.

Summerlech bis héichsummerlech Loftmassen um Wee op Lëtzebuerg (ECMWF – wxcharts.com)

Donnerwiederrisk och rem mat dobäi

Bei den astréimende Loftmassen handelt et sech net ëm dréche Loft, mee gréisstendeels em fiicht. Spéitstens no e puer Deeg Summer kënne sech an de Nomëttes- an Owesstonne punktuell méi zolitt Wiedere forméiere – sou gesinn et op mannst déi aktuell Wiedermodeller. Natierlech halen ech Iech zu allem um Lafenden.