Modellgeflüster: Klëmmt geschwënn d’Warscheinlechkeet vu Stierm?

Demnächst stellt sech d’Grousswiederlag ëm. Iwwerdeems dat geschitt an och duerno schéngt de momentane Modellrechnunge no d’Warscheinlechkeet vu stiermeschen Entwécklungen an d’Luucht ze goen.

Et kënnt erëm méi Beweegung an d’Spill

Wéi och schonn am Update zum potenzielle Wanterwieder fir den Zäitraum ronderëm Chrëschtdag ugeschwat, kënnt demnächst duerch d’Ëmstellung vun der Grousswiederlag erëm méi Beweegung an d’Wiederkichen. Dozou gehéiert ebe net nëmmen d’Warscheinlechkeet vu méigleche wanterlechen Entwécklungen, mee och d’Potenzial vu méi leftege resp. stiermesche Situatiounen. Dëst ass keng Prognos, mee just d’Beschreiwung vum Potenzial, baséierend op den aktuelle Modellrechnungen, déi ëmmer nach ännere kënnen, zumools well et nach esou laang bis un de genannten Zäitpunkt ass.

Den europäeschen ECMWF rechent schonn fir de kommende Méinde mat enger potenziell méi lefteger Situatioun duerch e Randdéif, wat vun de britteschen Inselen hier a Richtung Dänemark zitt. Eppes wierklech warnrelevantes soll dem aktuelle Stand no net ze erwaarde sinn, lefteg Entwécklunge mat Spëtzte vun ëm 50 bis 70 km/h wieren awer aus aktueller Siicht gesinn net ganz onméiglech. Den amerikanesche GFS rechent fir de selwechten Zäitraum e bësse manner héich Wandvitessen, mee ass och der Meenung, dass et tëscht dem Méindemoien an dem Méindenowend méi lefteg bei eis gëtt.


Potenziell stiermesch Entwécklunge ronderëm Chrëschtdag méiglech | Grafik: wxcharts.com

E potenziell méi markanten Zenario rechent den europäeschen ECMWF fir Mëtt nächster Woch, den 23. Dezember 2020. E weidert, dës Kéier méi kräftegt, Randdéif zitt vun de britteschen Inselen riwwer a Richtung Dänemark/Norde vun Däitschland eran an dréit südlech vum Kär e potenziellt Stuermfeld mat sech. Dëst Stuermfeld géif eis an der Nuecht vum Mëttwoch op den Donneschde passéieren a kéint eis Stuermstéiss vun tëscht 70 an 100 km/h bréngen. Fir genee de selwechten Zäitraum rechent den amerikanesche GFS am neie Laf vun 18z net méi mat engem Stuermfeld zu Lëtzebuerg. De Laf vu virdrun, also 12z vum 17. Dezember 2020 12z, rechent och mat engem kräftege Stuermfeld. Dëst Stuermfeld sollt awer knapp südlech un eis laanschtzéien. Héchstens de Süden a Südoste vum Land kriite mol Stuermstéiss of.

Och bis un de Schluss vum Joer si weiderhi stiermesch Entwécklunge net ausgeschloss. Détailer sinn awer nach keng bekannt.