Mir sinn et mëttlerweil gewinnt, dass intensiv Héichdrockgebitter iwwer Europa déi allermeecht Déifdrockgebitter dobaussen um Atlantik rondremzirkuléiere losse, soudass et bei eis kaum zu Wiederännerunge kënnt. Waat de Moment awer rem an der Modellwelt gewise gëtt, kéint e markanten Ëmschwong bedeiten.
Abroch vu polare Loftmassen?
Den Oktober ass e Mount, an deem et theoretësch schon zu Schnéifall a wanterlëche Konditiounen am Flaachland komme kann. De Moment hu mir et mat richtëg schéinem a sonnëgem Hierschtwieder ze dinn, daat bei iwwerduerchschnëttlech héigen Temperature vun iwwer 20 Grad, plaatzeweis kënne souguer bis zu 25 Grad ereecht ginn.
Behaalen d’Wiedermodeller recht, da soll et an de nächste Wochen awer zu enger markanter Ännerung kommen. Virun allem dem amerikanësche Wiedermodell GFS no kéinten eis Enn Oktober polar Loftmassen aus nördleche Richtungen ereechen, déi vir eng richtëg Brochlandung vun eisen Temperature suerge kéint. Trëfft dës an, da wier an de Nuechte verbreet mat Buedemfrascht a glaate Stroossen ze rechnen. Dagsiwwer géif och e minimale Risk vun eenzelne Schnéiflacke bestoen. Mee vergiesst net: Den ugeschwaaten Zäitraum ass nach wäit an der Zukunft. D’Berechnunge sinn also dementspriechend wacklëg.
GFS 850 hPa Temperatur (wxcharts.eu)
Och um GEFS Ensemble ass ze erkennen, dass et a nächster Zäit mat enger net all ze klenger Wahrscheinlechkeet lues a lues eroofgeet mat den Temperaturen. Et muss een awer oppassen: Zumools Enn Oktober gesäit een wéi nach eenzel Memberen (Linnen) der Meenung sinn, dass sech eis Temperature rem gefong kréien. Et muss also nach eng gutt Zäit ofgewaart ginn, ier een eng zouverlässëg Prognos dozou maache kann.