Modellgeflüster: Potenziellt Fréijoerswieder a Siicht!

Déi momentan Berechnunge maachen Hoffnung op däitlech méi frëndlecht Wieder ab Mëtt nächster Woch.

Virdéicht nach groen a naasse Weekend

Ier sech eng Besserung bei eis astellt, musse mir et nach duerch de Weekend packen. Dëse fällt richteg reneereg a gro aus, bis de spéidere Sonndënowend kënnen akkumuléiert zumools am Norde Quantitéite vun em 30 bis 40 l/m² eroofkommen. Am Süde sollen et em 10 bis 20 l/m² sinn. De kompletten Détail vir de Weekend fannt Dir ënnert dësem Link.

Scho gläich Fréijoerswieder & kaum Reen?

Ufanks der neier Woch soll et nach zu eenzelne Schauere komme kënnen. Dem amerikanesche GEFS Ensemble no soll et vum Dënschden un Dag vir Dag méi sonneg, méi drëchen a virun allem méi waarem ginn. Am Ufank wärt dat nach net sou spierbar sinn, wat sech dann awer virun allem ab der zweeter Wochenhalschend ännere soll. D’Temperature kënnen dagsiwwer schon op 10 bis lokal 15 Grad klammen. Iwwerdems ass mat sou gutt wéi kenge Nidderschléi ze rechnen, héchstens d’Wahrscheinlechkeet vun e puer lokal begrenzte Schauere kann een dem Ensemble ofliesen. Dësen Trend kéint sech tatsächlech bis Enn Mäerz duerchsetzen, dat ënner Ëmstänn fläit souguer mat méi héijen Temperaturen. Vir Détailer ass et awer nach ze fréi.

ECMWF och mat Héichdrockwieder

Och den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent de Moment (Stand 14.03.2019 23:11 Auer) mat héichdrockdominantem Wieder ab dem Dënschden/Mëttwoch. E richtegt Enn dovunner schéngt net wierklech a Siicht ze sinn. Météo Boulaide wärt Iech stänneg zu den Entwécklungen um Laafenden haalen.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)

ECMWF mat Tendenz zum Héichdrock (wxcharts.com)