Modellgeflüster: Si gläich bis zu 20 Grad méiglëg?

Haut geet ët ëm d’Temperaturentwécklung a nächster Zäit. A verschiddene Medien, virun allem an Däitschland, gëtt vu méiglëge 20 Grad an de nächste Woche geschwaat. Mee waat ass do wierklech drun?

Vir der Rei no un d’Saach run ze goen, fänken ech mam Ufank vun der neier Woch un. Ët ass sou, dass sëch d’Temperaturen nët groussartëg ännere wärten. An de leschten Deeg goufen ëmmer rëm Werter vun iwwer 10 Grad ereecht an daat wärt bis Mëtt der Woch och nach de Fall bleiwen, och wann daat an der Muselgéigend am wahrscheinlëchsten ass. An der zweeter Wochenhalschend gi kaum nach zweestellëg Werter ereecht, do packe mir ët “nemme” nach op ëm déi 8 Grad. Waat d’Nuechten ugeet ass just lokal mat Buedemfrascht ze rechnen. Fazit vun der neier Woch: D’Temperature bleiwe +/- um selwechte Niveau mee ët kënnt virun allem ab dem Dënschden zu méi Nidderschléi.

Den aktuellen GEFS-Ensemble mat kaum enger Temperaturännerung vir déi nei Woch. Ab der Woch drop kéint ët mat Chance awer no uewe goen. Et bleift spannend.
Grafik: meteociel.fr

Vum drëtten Abrëll un fänkt ët un interessant ze ginn. Iwwerdeems de Gros vun de Modeller keng groussartëg Temperaturännerung komme gesäit, ginn ët awer verschidde Niewemodeller, déi Ausräisser no uewe simuléieren. Dës sollt een nët ënnerschätzen, mee gläichzäitëg och nach nët all ze eecht huelen, well ët nach ze wäit ewech ass. Sollten dës eenzel Modeller a Memberen awer Recht behaalen, da wieren an der iwwernächster Woch Temperature vun ëm déi 15 Grad a méi nët auszeschléissen. Réicht vir den 10. Abrëll klëmmt och d’Moyenne vun allen Temperaturberechnungen.

Alles an allem gesoot: Bis den 1. Abrëll wärt sëch nët vill un den Temperaturen änneren. Duerno kéint ët awer demno wéi zu enger Iwwerraschung kommen. Ët gëtt spannend. D’lescht Joer ëm dës Zäit haate mir iwwrëgens scho Werter vun iwwer 20 Grad.