Modellgeflüster: Waarme Start an de November steet un

Sou wéi d’Modeller et elo gesinn, sollen d’Temperaturen Enn Oktober an Ufank November méi héich leie wéi elo.

Iwwerduerchschnëttlech waarme Novemberstart erwaart

Et musse nach sechs Deeg vergoe, bis de November 2020 un der Dier klappt. Bedéngt duerch d’Grousswiederlag gëtt et schonn vun der zweeter Wochenhallschent u méi waarm – wat mir warscheinlech och an déi éischt Novemberdeeg mat eran huelen. Duerch héije Loftdrock iwwert dem südlechen Europa a kräftegen Déifdrockafloss iwwert dem Atlantik gi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an deelweis och Afrika an eis Géigende gelenkt. Aus dësem Grond ka net ausgeschloss ginn, dass eis Temperaturen fir de Wiessel vum Mount dagsiwwer op tëscht 15 an 18 Grad klamme kënnen.


Et geet warscheinelch mat mëlle Loftmassen an de November eran | Animatioun: wxcharts.com

An dono?

A Richtung Mëtt November sollen d’Temperature, sou gesäit et mol den amerikaneschen Ensemblemodell GEFS, rem lues a lues zréckgoen. Bleiwen d’Berechnunge wéi elo, da géif d’Warscheinlechkeet vu Frascht sou ronderëmt de 6. November lues a lues an d’Luucht goen.