Modellgeflüster: Wéi gesäit et mam Schnéi aus?

D’Fro, wéini de Schnéi dann op Lëtzebuerg kënnt, heeft sech. Et ass awer nach bësse Gedold gefrot.

E Changement ass ënnerwee

De Moment leie mir ënner rouegem Héichdrockwieder, dat sech haaptsächlech duerch deels méi kompakt Niwwelfelder duerch sougenannt “Inversiounslagen” bemierkbar mécht. Et ass net vill Schwong an der Wiederkichen, d’Wieder ass zimmlech eentéineg an et gëtt net vill ze beriichten. Wéi awer an engem Artikel vu virun e bësse méi wéi enger Woch betount gehat, soll sech géint Mëtt November eppes änneren. Wéi et ausgesäit, schéngt dëst och ongeféier esou anzetrieden.


Lues a lues kënnt erëm méi Schwong eran | Animatioun: wxcharts.com

Kuckt ee sech déi aktuell Modellrechnungen un, haaptsächlech déi vum amerikanesche GFS, da fält engem op, dass d’Wieder vum 15. November un a Richtung Ufank Dezember tatsächlech méi liefhaft kéint ginn. Den Atlantik, deen an dësen Deeg méi oder manner blockéiert ass, kéint sech dann erëm besser duerchsetzen an eist Wieder erëm bësse méi turbulent gestalten. Di Déifdrockgebitter, déi vum Atlantik hier op eis iwwergräife kënne, hänken alleguer mat engem gréisseren Déifdrockkomplex, deen iwwert dem Nordpol läit, zesummen. Doduerch géifen eis des Déifdrockgebitter net ëmmer nëmmen déi méi mëll Loftmasse vum Atlantik bréngen, mee méiglecherweis och mol där méi kill oder esouguer polar Loftmassen aus dem héije Norden/Nordwesten. Dës Phasen mat der méi killer Loft géifen awer ëmmer erëm vu méi waarme Stéierungen ënnerbrach ginn, zumools well mir et méi wäit iwwert dem Oste vum Kontinent mat héijem Loftdrock ze dinn hunn. Déif an Héich gräifen aneneen wéi en Zännrad, wouduerch et eben heiansdo och zu enger méi mëller Mëschung komme kann.


Nuetsfrascht gëtt erëm méi warscheinlech, parallel dozou soll et och méi naass ginn | Grafik: meteociel.fr

Wat mir méi no a Richtung Dezember komme, wat d’Warscheinlechkeet vun den doraus resultéierenden Auswierkungen méi héich gëtt. E richtege Wanterabroch ass fir Enn November/Ufank Dezember keen a Siicht, mee et kéint op mannst méi oft an de Nuechten erëm fir Frascht a potenziell glat Stroossen duergoen. Et war op alle Fall kee Feeler, drop opmierksam ze maache, sou lues awer sécher wierklech d’Wanterpneuen opzezéien.

Tendenz: Schnéiwarscheinlechkeet klëmmt

Wéi een dem amerikaneschen Ensemblemodell GEFS enthuele kann, klëmmt d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Flacken a Richtung Dezember definitiv. Et ass zwar net vill, mee ronderëmt de 27. November sollte mir punktuell awer schonn eng ongeféier 10 bis 20%eg Warscheinlechkeet fir eenzel Flacken op den allerhéchste Koppe vum Land opzeweisen hunn. Kuckt een spekulativerweis nach méi wäit an déi éischt Deeg vum Dezember eran, da sollen d’Temperature bis dohin och nach e bësse falen. Ob dat d’Schnéiwarscheinlechkeet weider an d’Luucht dréckt, kann een awer a Fro stellen; all Kéiers muss d’Grousswiederlag et och zoulossen, dass et parallel zu de méi killen Temperaturen och zu Nidderschléi kënnt. Kee Nidderschlag = kee Schnéi. Dës gréisser Fro ka leider eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt beäntfert ginn.


D’Warscheinlechkeet vu Schnéifäll geet a Richtung Ufank Dezember liicht an d’Luucht | Animatioun: wxcharts.com

De Fazit

Als Fazit zéie kann een, dass et wuel nach e bëssen dauert, bis mir déi éischt Schnéiflacken hei zu Lëtzebuerg ze erwaarden hunn. Wat sech awer confirméiert huet: vum 15. November u gëtt et tatsächlech erëm méi interessant, well mir erëm méi ënner eng westlech bis nordwestlech Stréimung gerode kënnen a soumat ëmmer méi oft d’Chance dovu besteet, dass sech polar Loftmasse bei eis breetmaache kënnen. Déi festgesat Héichdrockwiederlag mat Niwwel wier also dësem Zenario no méi oder manner giess. Op mannst an de Nuechte kéint phaseweis erëm méi oft Frascht optrieden. Vun der Grousswiederlag hier geet d’Warscheinlechkeet vun éischte liicht wanterleche Situatiounen definitiv Enn November/ufanks Dezember an d’Luucht. Et däerf ee gespaant sinn, ob dat ganzt esou bleift oder ob net awer erëm méi mëll Zenarien dotëschtgerechent ginn, wouduerch déi aner beschriwwen Zenarien alt erëm e gutt Stéck no hanne géife verréckelt ginn.

Livestream zum Thema vum 11. November 2020