Muer um Mëttwoch: Donnerwiederrisk an der Groussregioun

Muer um Mëttwoch besteet rem en Donnerwiederrisk. Meeschtens sinn des vun harmloser Natur, mee do wou sech bestëmmt Parameter iwwerschneide sinn och méi zolitt Entwécklunge méiglech.

Lokalt Onwiederpotenzial

Muer um Mëttwoch steet rem eng interessant Wiederlag un. E Frontesystem leet sech iwwer Mëtteleuropa an erstreckt sech vum nordwestleche Frankräich iwwer d’Belsch/de Süde vun Holland weider iwwert de Norde vun Däitschland bis a Polen eran.

Am Beräich vun dëser Front kënne sech muer am Nomëtte Schaueren an Donnerwieder forméieren, déi punktuell en onwiederaartëge Charakter unhuele kënne. Wéi et de Moment ausgesäit, spillt Lëtzebuerg méi um Rand vun dëser ganzer Situatioun mat, wat awer net heescht, dass et bei eis net zu Dimmere komme kann.

Op dëser Kaart agezeechent ass ee Beräich, dee besonnesch interessant ass. An dësem Beräich iwwerschneide sech Parameter wéi Wandscherung (Wandvitesse- a Richtungsännerung mat der Héicht), Helizitéit, Labilitéit, an héich Loftfiichtëgkeet op Buedemhéicht. Dowéinst ass et gutt méiglech, dass sech ënnert den Donnerwiederzellen och e puer vereenzelt Superzelle forméiere kënnen (Donnerwieder mat engem bestänneg rotéierendem Opwand). Et géif mech net wonnere, wa sech iergendwou am agezeechnete Beräich en isoléierten Tornado forméiere géif, wa sech des Modellrechnunge bis muer confirméieren.

Bei deem Ganzen handelt et sech ëm näischt groussflächeges. Onwiederaartëg Zelle forméiere sech nëmme vereenzelt a betreffen ëmmer nëmme kleng Beräicher. Nieft de genannte Phänomener kann et am Beräich vun de méi staarken Zellen och zu Staarkreen, stiermesche Wandstéiss bis Stuermstéiss a Knëppelsteng vun 2 bis 4 cm am Duerchmiesser kommen.

Am Laf vum fréie Mëttwochmoie kënnt e Convective Outlook ënnert dësem Link online.