Muer um Samsden: Eng Kalfront bréngt stiermesch Wandstéiss bis Stuermstéiss op Lëtzebuerg

Muer um Samsde kënnt net nëmmen den Dauerreen zréck, mee och de Wand wäert erëm e Wuert matschwätzen. Wärend dem Passage vun enger Kalfront ass mat Stuermstéiss ze rechnen.

Advertisement

Kalfront bréngt Changement

Wéi an den Artikelen an de leschten Deeg ugeschwat, besteet vum Sonnden/Méindemoien u jo d’Warscheinlechkeet vu Schnéischaueren. Mee wou sollen déi hierkommen, ganz ouni kal Loft? Deen Job erleedegt muer eng Kalfront, déi mat Schmackes iwwert eis ewechzitt. Et gëtt net nëmme méi kal, mee och de Wand spillt dann nieft dem kräftege Reen eng gréisser Roll. Stiermesch Wandstéiss bis Stuermstéiss sinn ze erwaarden.


De Kalfrontpassage vum Samsden, inkl. Dauerreen am Virfeld | Animatioun: wxcharts.com

Den Oflaf

Fir d’éischt mol: Lefteg ass et souwisou déi ganzen Zäit. De Kalfrontpassage muer betount de Wand just e bësse méi wéi e souwisou schonn ze spieren ass. Dem däitsche Modell ICON no gëtt de Wand vum Virmëtten u méi staark, Vitesse vun tëscht 50 a 60 km/h kënnen an de Spëtzte schonn mol dobäi sinn. Vum Nomëtten u sinn aus Westen hier déi éischt Stéiss a Richtung 70 km/h ze erwaarden, virun allem vum spéidere Nomëtten u kënnen déi héchst Spëtzte mat tëscht 60 a 75 km/h ënnerwee sinn, punktuell och mol eppes driwwer. Vu Mëtternuecht u gëtt de Wand erëm lues a lues méi schwaach, bleift awer ëmmer nach spierbar.


D’Wandvitesse wärend dem Kalfrontpassage um Samsdenowend | Grafik: wxcharts.com

Och dëst ass keen ausgewuessene Stuerm, mee just en Zäitraum an deem et zu stiermesche Wandstéiss bis hin zu eenzelne Stuermstéiss kënnt.

D’Kalfront selwer wäert eis eréischt um spéideren Owend resp. ëm Mëtternuecht komplett passéiert hunn. Hannendru gëtt et spierbar méi kal an d’Warscheinlechkeet vu liichte Nidderschléi a Form vu Flacke geet an d’Luucht.