Muer: Wéi en Déifdrockgebitt fir bessert Wieder suerge wäert

E klengt mee e meteorologesch interessant Randdéif wäert muer mat sengem Kär nërdlech un eis laanschtgoen. D’Wandfeld dovun wäert keen all ze groussen Afloss op eis huelen – méi relevant ass d’Besserung, déi eis hannendrun usteet.

Advertisement

E Randdéif suergt… fir eng Besserung?

An der Situatioun vu muer kann een, wann een da wëll, schonn bal soen, dass dat klengt Randdéif als Schlëssel fir bessert Wieder fungéiert. Mee fir d’éischt mol der Rei no:

Vun haut den Owend un beweegt sech e Randdéif vum Ärmelkanal hier a Richtung Nordosten a wäert muer am Nomëtte mat sengem Kär iwwert der belscher an hollännescher Küst ukommen. Wärend dësem Prozess geet de Kärdrock vum Déif vun 1007 hPa op ongeféier 996 hPa zréck, et verstäerkt sech also liicht. De Kär zitt zwar sécher nërdlech laanscht, mee südlech dovun dréit d’Déif eng Kalfront mat sech – an déi kréie mir ze spieren.


D’Randdéif mécht sech och duerch e Wandfeld bemierkbar | Animatioun: wxcharts.com

D’Wandfeld, wat mam Déif a Verbindung steet, wäert awer net all ze ausgepräägt sinn: Direkt un de Küsten kann et duerchaus zu schwéiere Stuermstéiss vun ëm 100 km/h kommen, bei eis heiheem sinn et awer héchstens tëscht 50 a 70 km/h. Dëst ass also typesch lëftegt Hierschtwieder fir Lëtzebuerger Verhältnisser.

Mee wat ass elo dat Gutt dorun?

De Mëttwoch gëtt also nach e méi ongemittlechen Dag, mee dat ännert sech am Laf vum Donneschden: D’Déif läit en Donneschdemëtten schonn iwwer Polen, vun der Stréimung hier gerode mir also op d’Récksäit vum Aflossberäich vum Déif. Dëst bréngt net nëmme kuerzzäiteg méi kill Loftmasse mat sech, mee et kënnt en Héichdrockgebitt an d’Spill, wat dës “oppen Dier” notzt, fir sech iwwert eis ze leeën. Aktuelle Berechnunge no soll sech dat ëmmer nach bis an de Méinden era bei eis kënnen halen, ier et erëm ufänkt méi wackeleg ze ginn.


Hei gesi mir, wéi direkt en Héich seng Chance hannert dem Déif notzt | Animatioun: wxcharts.com

Dës méi roueg Phas bréngt eis keng nennenswäert Nidderschléi, woubäi awer, wéi et fir d’Joreszäit bei héijem Loftdrock eben typesch ass, erëm Niwwelfelder en Thema ginn. Dëse Faktor entscheed doriwwer, ob d’Deeg gro a roueg oder kloer/sonneg a roueg verlafen. Wat de klengen Temperaturréckgang ugeet, erwaarden eis vum Freiden un erëm méi mëll Loftmassen, déi sech grad esou laang wéi den Héichdrockafloss wäerten/sollen halen. Déi aktuell Aussiichten zu den Temperature fannt Dir an eise Wiederprognosen.