Naass, naass a naass! Wéi vill huet et gereent, a wat kënnt nach no?

An de leschten Deeg kann ee wierklech kee gutt Wuert iwwert d’Wieder verléieren, de Reen dominéiert richteg. Wou war et bis ewell am naassten, wa wat kënnt nach?

Advertisement

E naasse Start an de Februar

De Reen huet eis gutt am Grëff, zumools gëschter an haut koum/kënnt e bësse méi vum Himmel. De Radar-Donnéeë no huet et an de vergaangenen 48 Stonnen virun allem laanscht d’Grenzen zu eise Noperen an der Belsch an och Frankräich am meeschte gereent, dat mat 30 bis punktuell 50 l/m². Wa mir d’Wiederstatiounen aus de Netzer vu Kachelmannwetter an Agrimeteo huelen, da gesi mir, dass et un dësen tëscht 12 an 30 l/m² gereent huet – dat ass en Ënnerscheed, mee just, well déi ausgesicht Statiounen net onbedingt op de naasste Plaze stinn. D’Statioun mat den 30 l/m² steet zu Kënzeg, wat also confirméiert, dass déi westlech Grenzgebitter am meeschte Reen bis ewell ofkruten.

An engem duerchschnëttleche Februar reent/schneit et 59,5 l/m². Et ass also dovun auszegoen, dass de Mount en ze naasse gëtt – domat kéime mir ongeféier bei den Estimatioune vun de Laangzäitmodeller eraus, déi mir eis viru kuerzem ugekuckt haten.

Wéi geet et virun?

Am Bléck op de Weekend hu mir jo schonn gesinn, dass och de Weekend iwwer weider Nidderschléi ze erwaarde sinn. Mee wéi ass et dann fir d’Zäit duerno? Aus aktueller Siicht gesi sollt et vu Mëtt der Woch un endlech mol erëm méi dréche ginn, well sech en Héichdrockgebitt iwwer Mëtteleuropa kéint opbauen – an dës Modell-Iddi ass guer net mol esou onwarscheinlech.


D’Berechnunge vum europäesche Modell bis den Dënschden inclus. Et kann een awer e bëssen ofzéien, well deels nach de Reen fir haut (Donneschden) mat agefloss sinn | Grafik: wxcharts.com

Ier et awer esouwäit ass, rechnen d’Modeller mol nach mat 15 bis lokal 35 l/m² Reen. Dat ass elo net d’Welt – de Fazit ass awer op alle Fall deen, dass een de Prabbeli léiwer mol bis Mëtt der Woch am beschte net doheem vergësst.