Nächst Moienter: Op ee Neits Loft- a Buedemfrascht ze erwaarden

Nom éischte Loftfrascht vun der Saison viru bal enger Woch ginn och déi nächst Moienter plazeweis nawell spatz.

Donneschden- a Freidemoien am Viséier

Wéi déi neist Wiedermodeller et berechnen, besteet den Donneschdemoien esouwéi och de Freidemoien erëm d’Warscheinlechkeet vu Loft- esouwéi och Buedemfrascht.

An der Nuecht op den Donneschden, resp. um fréien Donneschdemoie, sollen d’Temperaturen op tëscht 3 a 6 Grad zréckgoen. Virun allem an den Däller sinn a Richtung fréie Moie Minimalwäerter vun tëscht 0 an 3 Grad net auszeschléissen, punktuell kéint et esouguer op ëm -1 Grad zréckgoen. Parellel dozou kënne sech och Niwwelfelder forméieren, duerch déi et natierlech och wäert fiicht ginn – de Gedanke vu punktuell glate Stroossen oder Trottoiren ass guer net mol esou wäit fort. Och an der Nuecht op de Freiden/resp. um fréie Freidemoien ass mat Minimaltemperature vun tëscht 0 an 3 Grad an den Däller ze rechnen.

Wat d’Buedemtemperatur ugeet, wiere mir den Donneschdemoie fréi mat tëscht -3 a 0 Grad ënnerwee, de Freidemoie bei -2 bis 1 Grad.