Nächst Stonnen: Schnéifall ze erwaarden, net nëmmen op de Koppen

Aus Süden a Südoste kommen an de nächste Stonne wanterlech Nidderschléi op, déi deemno wéi och muer de Moien en Afloss op de Beruffsverkéier kéinten hunn.

Déif iwwer Nordfrankräich schëppt Nidderschléi an eis Géigenden

Iwwer Frankräich läit e klengt Héichtendéif, wat eis an de nächste Stonne Nidderschléi aus südlechen a südëstleche Richtungen op Lëtzebuerg transportéiert. Duerch déi niddereg Temperaturen heiheem falen dës als Schnéireen esouwéi och Schnéi. Den Zäitpunkt vum Antreffen a vun der Dauer gëtt nach e bëssen ënnerschiddlech berechent, allerdéngs sollt et den aktuelle Radardonnéeë no schonn am Laf vum Owend esouwäit sinn, dass sech vun der Däitscher a Franséischer Grenz aus lues a lues déi besot Nidderschléi breetmaachen.


Dat aktuellt Radarbild vum Sonndenomëtten 16:25 Auer mam Schnéifall, deen eis an de nächte Stonnen erreecht | Radar: meteociel.fr

Zäitlech Agrenzung

Vun der Dauer hier sollt et vun der momentaner Auswäertung no bis tëscht 3 a 6 Auer an der Nuecht daueren (also vun den Owend bis zu dëser genannter Zäitspaan). An dëser Zäitspaan soll dann och eppes leie bleiwen, an dat net nëmmen op de Koppen. Huele mir den Duerchschnëtt vun de Berechnungen, da sinn fir d’Koppe bis muer de Moien tëscht 1 a 4 cm Neischnéi denkbar. Sollt et zu spontanen Ännerunge kommen, déi d’Modeller elo net méi kënnen erfaassen (well et ze kuerzfristeg ass), da wier och eppes méi op den héchste Koppe net ausgeschloss. An der Südhallschent vum Land an och op méi niddereg geleeëne Plaze sinn och tëscht engem dënne Flom bis hin zu 2 cm och denkbar.

Ass dës Phas éischt Phas vun de Schnéischaueren eriwwer, da kann et am Laf vum Méinde nach eng Kéier usetzen – dat awer viraussiichtlech manner “intensiv”.

Et ass also ëmmer nach net de grousse Schnéi, an awer gëllt et opzepassen: egal ob Schnéi oder net, naass Stroosse riskéiere séier glat ze ginn. Dës Faktore kéinte muer de Moien also eng Roll am Beruffsverkéier spillen.