Nächst Stonnen: Wéi geet et mam Schnéi virun?

Wéi erwaart, ass de Nidderschlag vun der Nuecht un ëmmer méi als Schnéi erofkomm. Zesumme mat der Äiscouche koum et zu enger geféierlech glater Situatioun, schonn erëm. Mee wéi geet et elo virun?

Vill Schnéi op onübleche Plazen

Am Laf vun der Nuecht ass de Nidderschlag, wéi erwaart, a Schnéi iwwergaangen. D’Loftmassegrenz, déi eis gëschter de Glëtz bruecht huet, ass réckleefeg ginn an huet sech dunn erëm zréck op Lëtzebuerg verlagert – dës Kéier awer mat kale Loftmassen an alle Loftschichten: Et koum also zu Schnéifall. Fir e Wanter näischt ongewéinleches, an dësem Fall awer geféierlech: Duerch de Glëtz huet sech op ville Plazen eng signifikant Äiscouche forméiert, op déi sech dunn de Schnéi geluecht huet. Dohier ass et de Moien zu gréissere Probleemer komm, déi ee gëschter mam Zoumaachen säitens Regierung wollt verhënneren.


Hei gesi mir gutt, wéi sech d’Héichdrockgebitt an eis Richtungen ausbreet | Animatioun: wxcharts.com

Un der ASTA-Statioun zu Reiler am Norden gëtt eng Schnéihéicht vu 4 cm gemooss, an der Stad 5,5 an zu Gréiwemaacher 8,6 cm. Dës Verdeelung ass éischter ongewéinlech. Et muss een awer soen, dass dës Donnéeë just den exakte Punkt vun der Statioun representéieren. Am noen Ëmfeld ka nämlech nach méi leien.

Wéi geet et elo virun?

Gëtt et fir de Feierowendverkéier erëm esou markant wéi de Moien? Do kann ee berouegt soen: Nee! Dobausse si nach e puer Wolleken ënnerwee, mee d’Sonn weist sech och. Verdanken hu mir dat engem Héichdrockgebitt, wat sech vum Atlantik hier an eis Géigende breet mécht. Et ass fir haut also kee weidere Schnéifall ze erwaarden. D’Temperature klamme net op iwwer -4 bis 1 Grad – de Schnéi verschwënnt also esou gutt wéi guer net. Dëst wäert de Weekend awer net esou bleiwen, Détailer dozou geschwënn.