Nächst Woch: 30 Grad a wäit driwwer oder awer geméissegt Temperaturen?

Wat déi nächst Woch betrëfft, muss een d’Wiederkaarten e bësse méi genee am Aen halen. Et schéngt eppes an der Heck ze sinn. Fir vun enger Prognos ze schwätzen, ass et awer nach ze fréi.

Deeler vun der Hëtzt aus Spuenien geschwënn zu Lëtzebuerg?

Virun allem den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent a leschter Zäit konstant domat, dass op mannst en Deel vun der Hëtzt, deen vun haut u Spuenien an Deeler vu Portugal am Grëff huet, a Richtung Mëtteleuropa kéint gezu kommen. Den europäesche Wiedermodell ECMWF steet där Iddi nach e bësse méi skeptesch géigeniwwer, gëtt awer heiansdo trotzdeem och Signaler op eng änlech Léisung. Dësen Artikel baséiert sech op de verfügbaren Donnéeë vum fréie Freidemoien, 10.06.2022 um 05:32 Auer. Et ass méi eng Estimatioun/Spekulatioun wéi eng Prognos. Eng richteg Prognos ass eréischt vum Méinden/Dënschden u machbar.

Déi “optimistesch” Léisung

Dem GFS no deet sech bis de Sonnden inclus nach net vill mat den Temperaturen heiheem, mat bis zu 26, lokal 27 Grad, gëtt grad emol summerleche Niveau erreecht. Vum Dënschdenowend un soll sech d’Situatioun ufänken ze änneren, dat duerch en Déifdrockgebitt virun der Küst vu Portugal a Spuenien. Iwwer Mëtteleuropa wier zu dem selwechten Zäitpunkt héije Loftdrock virzefannen, wouduerch dës waarm Loftmasse sech lues a lues a Richtung Mëtteleuropa kënne breetmaachen. Um Dënschde wieren also deemno wéi schonn déi éischt Wäerter no un den 30 Grad zu Lëtzebuerg dran, ier um Mëttwoch esouguer schonn bis ëm 33 Grad net kéinten ausgeschloss ginn. Géif et den aktuelle Berechnunge no goen, da wieren um Donneschden (16. Juni) Maximaltemperature vun ëm 36 Grad net onméiglech. Vum Freiden u soll sech d’Hëtzt dann erëm séier ofbauen, ier se um Samsde komplett aus westleche Richtungen an den Oste soll verdrängt ginn.


De méiglechen Zenario dem amerikanesche GFS no | Grafik: wxcharts.com

Déi zréckhalend Léisung

Den europäesche Modell ECMWF rechent d’Hëtzt an de leschte Modell-Leef net esou konstant a gesäit dotëscht ëmmer erëm d’Méiglechkeet, dass sech d’Maximaltemperaturen an der neier Woch éischter bei tëscht 21 a 27 Grad solle beweegen. Déi bis dato neist Kaarte weisen heiansdo awer och där méi waarm Léisungen, eng dovu beschreiwen ech elo.


De méiglechen Zenario dem europäeschen ECMWF no | Grafik: wxcharts.com

Den 12Z Laf vum ECMWF vum Donneschden 9. Juni rechent domat, dass vum Dënschden un Temperature vu bis zu 27 Grad, lokal 30 Grad, méi warscheinlech ginn. Um Mëttwoch solle Maximaltemperature vun ëm 30 Grad erreecht ginn, op de wäermste Plaze liicht driwwer. Um Donneschde soll et mat 26 Grad erëm manner waarm ginn, ier iwwert de Freiden an de Samsden en Deel vum Hëtzt-Bierg vu West no Ost zéie soll. Sou wieren un den zwee Deeg Temperature vu bis ëm 34 Grad net ausgeschloss, wa net esouguer liicht driwwer.

Fazit:

Dës Berechnunge beschreiwen en Zenario, deen elo nach gutt 1 Woch an der Zukunft läit. Et handelt sech dobäi also net ëmt eng Prognos, mee méi ëm Spekulatioun. Well den amerikanesche GFS dës Zenarien awer ufänkt, méi konstant ze berechnen an den ECMWF elo geschwënn eventuell nozéie kéint, sollt een d’Situatioun awer mol am Aen halen. Et ass nach laang net alles an dréchenen Dicher. Beispill: um fréien Donneschdemoien huet den ECMWF fir déi kommend Woch grad emol mat Maximaltemperature vunt tëscht 24 bis ëm 30 Grad gerechent, wat schonn e groussen Ënnerscheed ass.


Den ECMWF vum fréien Donneschdemoie mat däitlech méi geméissegten Temperaturen | Grafik: wxcharts.com

Et heescht also ofwaarden a kucke, wéi sech dës spannend Wiederlag virunentwéckelt.