Schnéischaueren als “Eintagsfliege”
Et ass scho rem eng gutt Zäit hier, dass mir eng méi bestänneg Schnéicouche hei zu Lëtzebuerg haaten. Et ass dëskéier zwar mat e puer Schnéischaueren ze rechnen, eng unhaalend Couche ass awer richteg onwahrscheinlech.
Schon um Donnëschde sinn an der Héicht méi kill Loftmassen agefloss, déi ënner anerem vir e puer lokal Donnerwiedere gesuergt hunn, déi och mol vu Knëppelsteng begleet goufen. Déi selwecht Loftmass huele mir mat an déi nei Woch, an et soll souguer nach méi kaal ginn. Doduerch klëmmt d’Wahrscheinlechkeet vun e puer vereenzelte Flacken oder och kuerze Schnéischaueren, dat zumols am Norden.
De Méindemoie wärt et viraussiichtlech méi kill sinn, wéi an de leschten Deeg. D’Temperature leien am Allgemengen tësche -1 an 3 Grad. Haaptsächlech am Norde kéint et unzéien, wouduerch déi liicht Nidderschléi, déi laut Modellrechnungen eroofkommen, als Schnéi, Schnéireen a virun allem am Süden och als Reen eroofkomme kënnen. D’Schnéiwahrscheinlechkeet ass op den héchste Koppe vum Land natierlech am héchsten. Liicht wanterlëch Konditioune sinn also net ganz auszeschléissen. Dagsiwwer soll et rem méi drëche ginn, d’Temperature klammen e Stéckchen iwwert de Gefréierpunkt.
Um Dënschde komme rem liicht méi mëll Loftmassen eragezunn, wouduerch déi Saach mat de Flacke scho rem méi schwiereg gëtt. Mir beweegen eis do awer aus aktueller Siicht gesinn am Spekulatiounsberäich, soudass ee net weider dozou an den Détail goe kann. De Fazit ass deen, dass eng bestänneg Schnéicouche oder eng unhaalend wanterlech Phase sou gutt wéi auszeschléissen ass.