Nächst Woch: Duerch Hëtztwell bis em 38 Grad denkbar

Wéi mëttlerweil scho bekannt ass, erwaart eis d’nächst Woch ganz wahrscheinlech eng méi markant Hëtztwell. Extrem héich Temperature si méiglech, just ass awer nach net gewosst, wéi héich se tatsächlech klamme wärten.


Hëtzt aus Afrika um Wee op Lëtzebuerg

An Tëschenzäit rechnen ëmmer méi Modeller domat, dass eis ab dem Méinde ganz waarm Loftmassen aus Afrika areeche sollen. An enger Héicht vun 1500 m (850 hPa Niveau) gi vum amerikanesche GFS souwéi och vum europäeschen ECMWF Temperature vun em 24 Grad berechent. Op d’Héicht iwwerdroe, wou mir Mënschen eis beweege, wieren dat 35 Grad a wäit driwwer. Vir eis Verhältnisser géif dat eng extrem Hëtzt bedeiten, déi vir kleng Kanner, eeler Leit a Leit, déi enger ustrengender Aarbecht dobaussen ausgesaat sinn, geféierlech ka ginn.

De Moment kann ee schon dovunner ausgoen, dass mat enger gréisserer Wahrscheinlechkeet Wäerter vun 30 bis 35 Grad wärten areecht ginn. Et muss just nach, am Laf vun de nächste Modellleef, gekuckt ginn, ob sech d’Extremberechnunge vun däitlech iwwer 35 Grad duerchgesaat kréien. Ab dem Méinde soll et mat de waarme Loftmasse lassgoen a bis dohinner ka sech nach e bessen eppes dinn. Verschidden däitsch Medieberichter, wou schon eppes vu 40 Grad drasteet, sollt een also (nach) mat Virsiicht genéissen.

Sou kënnt d’Hëtzt an eis Géigenden! – ECMWF (wxcharts.com)

Kéim et wierklech wéi de Moment berechent, wéi waarm géif et da ginn?

Déi folgend Zeile beschreiwe just dat, wat antriede kann, WANN d’Berechnunge sou bleiwe wéi se elo sinn (Stand 20.06.2019 – 02:22). Wéi gesoot, et ass nach ëmmer méiglech, dass sech eng méi “soft” Variant duerchsetzt.

Nodeems et um Donneschden an um Freide mat 19 bis 23 Grad däitlech manner waarm gëtt wéi an de leschten Deeg, fänken d’Temperaturen ab dem Samsde rem u mat klammen. Schold dorunner sinn déi waarm Loftmassen, déi lues a lues a Richtung Mëtteleuropa gezu kommen. 22 bis 27 Grad kënnen optrieden. De Sonnde gëtt et e gutt Stéck méi sonneg, et zéie just nach e puer kleng an harmlos Wollécken duerch, déi am Nomëtten awer och ganz verschwanne kënnen. D’Temperature klammen op 27 bis 32 Grad. Um Méinde bleift et bei ganz vill Sonn an héchstens e puer klengen an harmlose Wollécken. 28 bis 33 Grad stinn um aktuelle Programm.

Ab dem Dënschde komme mir méi no un den Héchstpunkt vun der Hëtztwell. Wäerter vu bis zu 35 Grad kënne laut dem aktuelle Stand optrieden – dat ëmmer nach bei Sonn pur. Um Mëttwoch soll de Maximum areecht ginn: Duerch d’Land verdeelt kënnen Temperature vun 32 bis 38 Grad optrieden.

Opbau vun der Hëtztwell mat Maximum rondremt de 26/27. Juni – GEFS Ensemble