Neien Allzäit-Temperaturrekord: 25. Juli 2019 wäermsten Dag zanter Opzeechnungsufank

Déi aktuell Hëtztwell huet Lëtzebuerg voll am Grëff. Wéi et ofzegesi war, ass et un e puer Statiounen zu Lëtzebuerg fir nei Allzäit- Temperaturrekorder duergaangen. Et war soumat de wäermsten Dag zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947.

39,0 Grad bei MeteoLux um Findel

Wéi d’Meteorologe vum Findel matdeelen, ass gëschter, de 25. Juli 2019, mat 39,0 Grad e neien Alläit- Temperaturrekord un der MeteoLux Wiederstatioun registréiert ginn. Den aale Rekord louch bei 37,9 Grad, gemoss den 8. an den 12. August 2003. Zanter Opzeechnungsufank am Joer 1947 war et also nach ni sou waarm, wéi et haut war. Gëschter war also en historeschen Dag.

Déi weider Donnéeën, déi Dir op der Grafik gesitt, sinn déi 5 héchst Temperaturen, déi insgesamt zanter 1947 um Findel gemooss gi sinn.

De Wäert vu virgëschter (24. Juli 2019) 37,7 Grad, war e neie Juli- Rekord, dee gëschter (25. Juli 2019) mat de 39,0 Grad direkt nachemol iwwertraff ginn ass.

Déi restlech Top-5 Temperaturen, déi jeemols an engem Juli gemooss konnte ginn:

  • 04.07.2015 : 36,1 °C
  • 21.07.1995 : 35,7 °C
  • 26.07.2006 : 35,6 °C
  • 18.07.1964 : 35,1 °C

Wéi MeteoLux op hirer Websäit betount, sinn außer de 35,1 Grad vum 18. Juli 1964 all dës Extremwäerter vun de Mëtt-90er un opgetrueden. Et ass also ze erkennen, dass sech déi extrem Temperature no a no ze heefe schéngen.

AgriMeteo no, also dem Wiederstatiounsnetz vun der Ackerbauverwaltung hei am Land, gouf mat 40,8 Grad un der Statioun zu Steesel e neie Rekord opgestallt. Gemooss gëtt zanter dem Joer 1838.

Wéi MeteoLux op hirer Websäit betount, sinn außer de 35,1 Grad vum 18. Juli 1964 all dës Extremwäerter vun de Mëtt-90er un opgetrueden. Et ass also ze erkennen, dass sech déi extrem Temperature no a no ze heefe schéngen.

Och zu Réimech konnt den aale Rekord vu 40,5 Grad mat 40,6 Grad iwwerbuede ginn.

D’Maximaltemperature vun alle Statioune fannt Dir ënnert dësem Link.

Och am Ausland sinn Allzäitrekorder geknackt ginn

Zu Paräis gouf de Rekord vum 28. Juli 1947, wou deemols 40,4 Grad gemooss gi sinn, gëschter um 25. Juli 2019 mat 42,4 Grad geknackt. Fir déi zweete Kéier iwwerhaapt huet Météo France eng Alerte Rouge wéinst den héijen Temperaturen aktivéiert.

Och an Däitschland huet et nei Rekorder gereent, sou och e neien Allzäit-Rekord. Am Nomëtte goufen zu Lingen zu Niedersachsen 42,6 Grad gemooss. Allerdéngs ass dat just provisoresch, well et wuel Problemer mam Standuert vun der Statioun gëtt. Den däitsche Wiederdéngscht DWD muss de Wäert nach op Plausibilitéit iwwerpréiwen. Se steet net ganz der Norm gerecht, soudass eventuell d’Statioun zu Tönisvorst a Nordrhein Westfalen den Allzäitrekord mat 41,2 Grad zougewise kritt.

Top 4 Maximaltemperaturen uechtert Land

An der Belge war et mat 40,6 Grad op der Militärbasis vu Kleine Brogel sou waarm, wéi et zanter Opzeechnungsufank am Joer 1833 nach ni war.

Hinterlasse jetzt einen Kommentar

Kommentar hinterlassen

E-Mail Adresse wird nicht veröffentlicht.