Nët all ze vill Schnéi, mee awer kaal

Virun allem am Ufank vun der Woch kann ët nach zäitweis zu ë puer Schnéischauere kommen. Ab der zweeter Wochenhalschend sollt ët dann awer déi meecht Zäit drëche bleiwen.

Mix aus Sonn, Wollécken a Flacken

Um Méinde hu mir ët mat ville Wollécken ze dinn, mee awer ka sëch d’Sonn zwëschenduerch mol weise kommen. Iwwerdeems sinn awer, virun allem an de fréie Moiesstonne, eenzel Flacken nët ganz auszeschléissen. D’Temperature beweegen sëch op -1 bis 4 Grad maximal. Um Dënschden wärt sëch nët vill un den Temperaturen änneren, dobäi kann ët rëm méi groussflächëg zu ë puer Schnéiflacke kommen.

Den aktuelle Comeback vum Wanter, dee jo eigentlëch ni fort war, gestalt sëch nët sou onfrëndlech wéi ee menge géif. Vun der zweeter Wochenhalschend un ass mat manner Nidderschléi ze rechnen an och sonnëg Momenter ginn däitlech méi wahrscheinlëch. Well ët an de Nuechte méi oft opkläre kann, faalen d’Temperaturen awer och dementspriechend déif. Iwwerdeems d’Werter am grousse Ganzen op -2 bis -5 Grad zréckgoe kënnen, ginn ët eenzel Däller am Land, wou souguer Werter wäit drënner méigleg sinn. Sou beispillsweis zu Schëmpëch: Aktuell Modellrechnunge hu vir Mëtt der Woch souguer bis zu -12 Grad während zwou Nuechten am Petto.

A Richtung Weekend bleift ët nach zimmlech kaal, allerdéngs klammen d’Werter awer Daag vir Daag rëm e klengt Stéck.