Lokal net ënner 20 Grad: Tropesch Nuechten duerch Hëtztwell

Duerch déi momentan Hëtztwell falen d’Temperaturen an de Nuechten deels net ënner 20 Grad.

Besser Ofkillung am Laf vum Weekend

Vun enger Tropenuecht schwätzt een, wann d’Temperature net ënner 20 Grad falen. An der Nuecht op den Donneschde ginn d’Temperaturen op gréisstendeels 24 bis 20 Grad zréck. Op eenzelne Plaaze geet et drënner, virun allem an den Däller am Norde kann et souguer op 14 bis 10 Grad ofkillen. D’Nuecht op de Freide verleeft ähnlech mëll, dat mat tësche 19 an 23 Grad, plazeweis souguer 24 Grad. Am Norde geet et an den Däller op 15 bis 11 Grad zréck. Bësse besser sollt et sech scho vun der Nuecht op de Samsden ofkille kënnen, dat mat 18 bis 22 Grad. Am Norde wier mat 12 bis 16 Grad ze rechnen.

An de Nuechten drop sollt et am grousse Ganze rem op de meeschte Plaazen op ënner 20 Grad zréckgoen.