
Géint 11:20 haten eng Partie Webcams & och Aenzeien Fotoen a Videoen vun enger Funnelcloud oder engem méiglechen Tornado gewisen. War et wierklech “keen”?
Ausgepräägt Triichterwollek suergt fir Meldungen
Géint 11:25 ass bei eis déi éischt Meldung iwwert eng déif erofhänkend Triichterwollek agaangen, wouropshin mir de Radar no Hiweiser dorop ennersicht hunn. Leider ass de staatleche Radar, deen der lëtzebuerger Grenz am notsten ass, den NHB vum DWD (Däitsche Wiederdéngscht) zu Neuheilenbach zu där Zäit en Maintenance gewiescht, resp. ass en dat ëmmer nach (Stand 23.07.2025 – 15:00). Zu dësem Zäitpunkt ware mir esougutt ewéi blann, well ee net genee konnt ausfanneg maachen, wou sech d’Wollek exakt befonnt hat.
Schwiereg Analys per Radar
Nodeems mir eis mat engem Mataarbéchter vum Däitsche Wiederdéngscht (DWD) ausgetosch haten, hat dësen eis op de private Radar am Saarland opmierksam gemaach, deen vu Kachelmannwetter bedriwwe gëtt. Dësen hat d’Schauer tatsächlech um Schierm, mee fir eendeiteg Strukturen dorop ze erkenne, stung de Radar awer leider nach ze wäit ewech.

Wat awer gewosst war: Et war eng Schauerzell, déi sech vun Itzeg aus a Richtung Heesberhaff verlagert hat, an u senger viichter Säit (Vorderseite) eng Triichterwollek forméiert hat. Fir dass en Triichter entsteet, muss Rotatioun um Wierk sinn – anescht wéi de staatleche Wiederdéngscht an engem grousse roude Medium zitéiert gëtt. E weidere Radar, deen d’Zell och drop hat, war de belschen WID (Wideumont) – mee och an dësem Fall war d’Zell ze wäit um Rand, fir genee Strukturen ze erkennen. Dass also anscheinend laut Radar keng Rotatioun dogewiescht wier, ass also séier gesot – entsprécht awer net den Tatsaachen.
Tornado-Analyse fanne net nëmmen am Büro statt
D’Videoen a Fotoe weisen, dass den Triichter deels richteg déif gaangen ass. Anescht wéi gär behaapt gëtt, kënnt et dorop un, ob de Loftwirbel de Buedem erreecht, net de siichtbaren Deel vun der Wollek. Bei enger Triichterwollek, déi esouwäit erofhänkt, kann een en Tornado just dann 100% ausschléissen, wann een no enger ausféierlecher Analys op der Plaz zu Fouss keng Hiweiser fënnt.

Soulaang dat net de Fall ass, ass eng pauschal Ausso géint d’Existenz vun engem Tornado wëssenschaftlech onbrauchbar a net ze vertrieden. Et ass internationale Standard, dass Tornado-Analysen net nëmme virum Bildschirm stattfanne, mee och op de relevante Plazen am richtege Liewen.

Duerch déi selwecht Problematik gouf deemools den Tornado vum 30. Mee 2024 zu Eessen als “keen Tornado” agestuuft, obwuel no eiser eegener Analys de Géigendeel konnt bewise ginn. Dat selwecht gëllt fir de Fall vum 29. Juni 2024: No däitleche Rotatiounsspuren op der Plaz gouf behaapt, et wier trotzdeem kee gewiescht. D’Experte vun der ESWD (European Severe Weather Database” hunn eis dunn awer wäitestgoend Recht ginn a soen haut, dass de warscheinlechste Phänomeen en Tornado gewiescht ass.

Wat elo geschitt
Et muss natierlech net zwéngend en Tornado gewiescht sinn – mee esoulaang dat net nogewisen ass, kann een och net ausschléissen, dass et ee war. Mir waarden elo nach e puer potenziell Fotoen a Videoen of, déi eis fläit méi Kloerheet bréngen. Soufern d’Zäit et eis erlaabt (mir si keen Team vun 25 Leit) fuere mir och op d’Plaz fir selwer Ënnersichungen duerchzeféieren – déi relevant Plaz ze fannen, ass allerdéngs esou schwéier, wéi d'”Needle in a Haystack” ze fannen. Et gëtt also eng schwiereg Geschicht, well dësen Tornado, falls et dann ee war, wuel éischter schwaach war a kee gréisseren Impakt op d’Landschaft hat.
