Nidderschléi haale sech weiderhin a Grenzen

De Summer ass dëst Joer virun allem a Saachen Drëchent a opgëfall. De Mangel u Reen zitt sech bis an de meteorologëschen Hierscht eran, deen iwwrëgens den 1. September ugeet.

GFS

(klicken vir ze vergréisseren)

ICON

(klicken vir ze vergréisseren)

ARPEGE

(klicken vir ze vergréisseren)

Et geet ze drëche virun

D’Grafike vum Modellvergäich weisen déi berechent akkumuléiert Nidderschlagsquantitéite bis de Freiden. Daat meecht vun de simuléierte Nidderschléi kënnt de Mëttwoch beim Passage vun engem Déif zustaanen, déi Deeg drop reent et éichter kaum bis iwwerhaapt nët. Insgesamt rechent den amerikanësche Wiedermodell GFS bis de Freidenowend mat Reequantitéite vu maximal 10 l/m² zu Lëtzebuerg. Den däitschen ICON Modell gesäit de meechte Reen knapp westlech un eis laanschtschrammen a geet dohier dovunner aus, dass et am Fall vu Nidderschléi zu Lëtzebuerg bei ënner 10 l/m² bleiwe sollt. De franséischen ARPEGE Modell rechent domadden, dass d’Déif, waat de Mëttwoch iwwer d’Groussregioun zéie wärt, genau iwwer Lëtzebuerg ewechzitt. Zesumme mat e puer ganz vereenzelte Nidderschléi den Donnëschde kommen d’Berechnunge bis de Freidenowend bei maximalen 12 l/m² un.

De Mëttwoch ass, wéi ee mierkt, en entscheedenden Dag dës Woch. Géif daat klengt Déifdrockgebitt, op waat ech ënnert dësem Link am Détail agaange sinn, nëmmen e bëssen aneschters zéie wéi berechent, dann hätt daat e groussen Afloss op déi schlussendlech Reequantitéit um Freidenowend. Et géif nämlech kaum eppes zesummekommen.

Nidderschléi um GEFS Ensemble (meteociel.fr)

Méi Reen am Laaf vum September?

Aktuell Ensemblerechnunge ginn dovunner aus, dass déi allgemeng Wahrscheinlechkeet vu méi groussflächëge Schaueren am weidere Verlaaf vum September, also sou ab dem 7.11, däitlech zouhëllt. Et géif dann zwar ëmmer nach net vill eroofkommen, mee d’Wahrscheinlechkeet wier dann zumindest bei wäitem méi héich wéi an de leschte puer Wochen. Dësen Trend muss awer virdéicht nach confirméiert ginn – aus der jéngster Vergaangenheet ass nämlech de Phänomen opgetrueden, dass d’Nidderschléi kuerz virum Antreffe vum Zäitraum vill méi reduzéiert simuléiert goufen oder baal guer net méi.