Nidderschléi: Mat Chance reent et de Mëttwoch punktuell e bëssen

Wat de Reen betrëfft, hu mir et de Moment jo net sou gutt. Duerch déi unhalend Dréchent ass de Risk vu Vegetatiounsbränn an dësen Deeg däitlech erhéicht. Vill Reen ass demnächst net a Siicht, mee et gëtt e Fénkchen Hoffnung fir de Mëttwoch…

Den amerikanesche Wiedermodell GFS an och all déi aner, déi ech fir dëse Post/Artikel ausgesicht hu, gesi fir haut a muer keng Nidderschléi. De Mëttwoch ass awer, wéi gesot, en Dag wou et awer plazeweis kéint naass ginn.

De GFS berechent dowéinst vun elo bis de Mëttwochowend mat mat akkumuléierte Reequantitéite vun tëscht 0 an 1 l/m². Den europäeschen ECMWF ass mat tëscht 0 a 4 l/m² dobäi, de meeschte Reen soll am Laf vum Mëttwochowend un der Nordspëtzt vum Land erofkommen. De franséischen ARPEGE simuléiert 0 bis 2 l/m², den däitschen ICON kënnt mat 0 bis 1 l/m² hannendrun.

Och wann d’Modeller all e bësse Reen fir de Mëttwochowend gesi, kéint ech mir virstellen, dass awer déi mannst Plaze wäerte naass ginn.