Niwwel: De Samsde kéint et méi laang zimmlech kill bleiwen

De Weekend leie mir erëm gréisstendeels ënner Héichdrockafloss. Bei Héichdrockafloss am Hierscht & Wanter kënnt et gär zu méi laang unhaalende Niwwelfelder.

Typeschen Héichdrock-Dag an engem November

Den Hierscht, de Wanter an och d’Fréijoer sinn d’Saison vum sougenannte “Niwwel-Lotto” (Erklärung dozou). Muer um Samsde kéint en erëm zouschloen a fir däitlech manner héich Temperature suerge wéi eigentlech vun de Modeller berechent.

Zumools de franséischen ARPEGE, den europäeschen ECMWF an den däitschen ICON berechnen fir de Samsden d’Warscheinlechkeet, dass sech de Niwwel deemno wéi bis an de Nomëtten eranzéie kéint. Di momentan berechent Temperature fir d’Moiesstonne leien tëscht -3 an 1 Grad, plazeweis ass och mol e Grad drënner net onméiglech. Normalerweis sollt et schonn am Laf vum Virmëtten esou sinn, dass d’Temperaturen iwwert de Niveau vum Gefréierpunkt erausklammen. De Modeller no kann et awer ebe sinn, dass wa sech de Niwwel wierklech bis an de Nomëtten hält, och eis Temperature vum Klammen zréckgehal ginn. Sou ass et also méiglech, dass et op mannst a verschiddenen Däller bis méi spéit nach kéint fraschteg/kill bei Wäerter vun ëm 0 bis 3 Grad bleiwe kéint. Léist de Niwwel sech awer schonn méi fréi op, da wieren di uersprénglech berechent 5 bis 8 Grad ze erwaarden.