NOAA: Abrëll kéint ze waarem a liicht ze drechen ausfaalen

No rezenten Anomalien an der Wiederwelt kuckt ee sech de Moment ganz gären d’Laangzäitmodeller un. Och wann dat keng Prognose mee éichter Estimatioune sinn, kann dat eppes iwwert de weideren Trend aussoen.

Liicht ze héich Temperature méiglech

Den CFS Modell (Climate Forecast System) vum amerikanesche Wiederdéngscht NOAA gesäit vir den Abrëll 2019 d’Wahrscheinlechkeet, dass de Mount ëm e ganze Grad ze mëll ausfaale kéint. Sollt dat zoutreffen, da géif sech d’Wieder spierbar méi fréijoersméisseg verhalen wéi een dat eigentlech sou gewinnt ass. Zwar schéngt d’Anomalie net déi gréisst ze sinn, mee unhand vun de gemoossenen Date wier schon en Ënnerscheed festzestellen. E Comeback vu méigleche Schnéischaueren ass éichter auszeschléissen, mee no de schnéiaarme Wanterméint sollt d’Hoffnung souwisou scho net méi déi gréisst sinn.

De selwechte Laangzäitmodell haat dëse vill ze waarme Wanter iwwrëgens och ugedeit gehaat, hei nozeliesen.

Reen: Keng bis kleng Anomalie ze erwaarden

Net nëmme wat d’Temperaturen ugeet, gëtt mat enger gewësser Anomalie gerechent – och d’Reequantitéite si betraff. Bei eis zu Lëtzebuerg sollt déi awer net ze grouss ausfaalen.

Sou wéi den CFS et de Moment simuléiert, soll et gréisstendeels zu Reequantitéite kommen, déi an engem Abrëll normal sinn. Just nördlech vu Lëtzebuerg kéint et am Endeffekt liicht manner Reen ginn, wéi soss.

Et soll nachengkéier betount sinn, dass een dës Kaarte net 1:1 iwwerhuele kann, virun allem, well et keng Prognose mee Estimatioune sinn. Vir dëse Wanter hunn se zougetraff, wat awer net heeche muss, dass et weiderhin sou komme wärt.

Wat sinn d’Estimatioune vum CFS vir de Summer 2019?

Den amerikanesche Laangzäitmodell rechent weiderhin éichter mat liicht ze héijen Temperaturen. Am geréngsten soll d’Anomalie am August ausfaalen.

Am Géigesatz zum leschte Joer huet de Modell awer kee gréissere Reendefizit an der Berechnung, ausser vir de Juni. De Juli an den August sollen aus aktueller Siicht gesinn normal bis minimal ze naass ausfaalen.